Leserbrief

En néidegen Appell un d’Famillje vun eise Bewunner an den Alters- a Fleegeheemer

Eng Mask läit op engem Dësch an engem Alters- a Fleegeheem

Eng Mask läit op engem Dësch an engem Alters- a Fleegeheem Foto: dpa/Frank Molter

Léif Famillje vun eise Bewunner an den Alters- a Fleegeheemer. Mir gesinn Iech, a mir héieren Iech. Dëst ass kee solidaresche Bréif; dëst ass en Opruff, fir nozedenken.

Et ass effektiv de Moment net einfach fir Iech, an och net fir Är Famill, eise Bewunner.

Mais fir eis, Personal, ganz egal wat eis Funktioun ass, ass et och net einfach. Mir hätten Iech vill, vill léiwer bei eis dobannen, well eis Aarbecht wier vill méi einfach duerch Är Presenz. Dir ënnerstellt eis, mir halen Iech gären dobaussen, fir dass mir alles Schlechtes, wat Dir Iech virstellt, kënne maachen a vertuschen, ouni datt een et gesäit. Falsch. Och mir dreeme vum Dag, wou Dir erëm normal kënnt kommen a goen. Mir hunn näischt ze verstoppen, mir hunn just Angscht, Angscht virum Covid, Angscht em eis Bewunner, em Iech, em eis eege Familljen an ëm eis.

Jo, Dir hutt recht, et géif de Bewunner besser goen, wa kee Confinement wier, mais dëst ass nu mol esou, mir hunn eis dat net erausgesicht. Et geet duer, datt EE vun eis alleguerten et huet, een Eenzegen, da riskéiere mir, datt et ganz séier biergof geet – dat ass e Fakt an Dir wësst et.

Mir fannen et och net flott.

Lo kann ee soen, datt verschidde Leit eis Reproche maachen a Saachen ënnerstellen, déi et net ginn, mee eis dann och nach konstant virzewerfen, mir wieren am Prisong, dat schléit dem Faass dach de Buedem aus ... Hutt Dir jee iwwerluecht, datt wann Är Eltere bei sech doheem gewiescht wieren, Dir och net hätt dierfe bei si goen? Nee. Dir waart supposéiert, doheem ze bleiwen. Doheem bei Iech, net beim Noper, net bei den Elteren an eben och net bei eis. Haalt op, eis nëmme Virwërf ze maachen. Wat bewierkt dat? Datt mir méi motivéiert schaffen? Dass mir méi frou mat Iech sinn? Datt mer eis Dieren opmaachen? Nee, ech mengen och net. An awer si mir nach ëmmer do, mir sinn net feig.

Mir fannen Är Reaktiounen immens verletzend.

Well mir gesinn an héieren Iech. Mir gesinn och, wat Dir um Internet schreift. Mir liesen all Är Commentairen an all Är Aussoen an de sozialen Netzwierker – perséinlech huet awer nach keen de Courage gehat, eis dat an d’Gesiicht ze soen? Wat ass also d’Zil vun deenen Attacken an där Hetz géint eis? Äert Gewësse berouegen? Är Roserei iwwert déi Gesamtsituatioun un eis ausloossen, well ee muss jo dee Schëllege sinn? Maacht am Géigesaz eppes Nëtzleches a sidd present! Et ginn 100 Aart a Weisen, present ze sinn, och wann net physesch.

Mir fannen et fuerchtbar frustrant.

Mir si säit véier Méint um Enn, an et ass nach laang net eriwwer. Säit véier Méint ass eist Privatliewen op engem Stopp, fir datt et Ärer Famill soll esou gutt goe wéi nëmme méiglech, trotz dëser schwéierer Zäit. Mir sinn net perfekt a wäerten et och ni sinn. Mee mir maachen eis Bescht a sinn zu all Moment do, well ons Aarbecht fir ons eng Beruffung ass. Leider kréie mir vun deene meeschten ëmmer nëmmen ze verstoen, wei schlecht an onmënschlech mir dach nëmme sinn.

Mir géingen et appreciéieren, wann der bei ons kommt an eis simpel Reegele respektéiert: Dot Är Mask un. Sidd net beleidegt oder verbruet, wa mir Iech drop opmierksam maachen, datt Är Mask soll iwwert Ärer Nues sinn. E bëssen iwwerleeën, ier Dir eis Schëmmel a Bless sur place vernennt, ass wuel net ze vill verlaangt.

Fir eppes kloerzestellen: Mir sinn net géint Iech, mir si mat Iech! An et wier schéin, wann Dir och mat eis wiert …

Op dëser Platz e ganz grousse Merci un déijéineg, déi dëse Message scho längst verstanen hunn an déi vun Ufank un solidaresch mat eis waren.

A bonne entendeur.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Enthaltung mit Beigeschmack – ein falsches Signal aus Luxemburg

Leserforum

Kehrt die Atomkraft zurück?

Leserforum

E puer Gedanken nom Ofschloss vun de Rapatriementer betreffend eng Partie Lëtzebuerger aus dem Noen Osten