Leserforum
E ganz apaarten Service
Symbolfoto: Editpress-Archiv/Voyages Unsen
Scho vu Kand u hunn ech Probleemer mam Kucken, elo zënter siwe Joer sinn ech blann a wëll och weider matmaachen, un der Gesellschaft deelhuelen a schaffe goen, fir mäi Liewensënnerhalt selwer ze verdéngen. Zu Lëtzebuerg hunn ech d’Chance, déi néideg Ënnerstëtzung ze kréien: D’Assurance Dépendance ënnerstëtzt mech, wann ech speziell Hëllefe brauch, d’ADEM huet mir beim Reclassement a bei der néideger Upassung vu menger Aarbechtsplaz gehollef, de Lëtzebuerger Staat gëtt mir per Gesetzer d’Recht op Aarbecht an Accessibilitéit.