Leserforum
De Bierger gi Konte geplëmmt an d’Regierung stécht de Kapp an de Sand
Foto: Editpress/Alain Rischard
Wa Cyberdéif et fäerdegbréngen, gefälschte BIL- a Luxtrust-Säite wochelaang online ze halen – an domat Dausende vun Euro vu private Konten ofzéien –, da sollt ee mengen, dass d’Regierung all méiglech Mëttel asetzt, fir d’Affer ze schützen, d’Täter ze fannen an de finanzielle Schued z’ersëtzen. Mee wat passéiert tatsächlech? Dës Fro hu sech och d’Deputéiert Mars Di Bartolomeo a Ben Polidori gestallt a se den 30. Juli 2025 offiziell an der Chamber un d’Regierung geriicht – aacht konkret, urgent Froen, déi direkt d’Sécherheet vun eisem digitalen Alldag betreffen.