Forum

D’Olympesch Spiller vun den Iwwerzeegungen: eis Gesellschaft als gréisst Verléierin

Dëse Bréif ass dem Haass, der Mëssinformatioun an de ville feindlechen Aussoen, déi mir an der lescht vun alle Säiten op de soziale Medie liesen, gewidmet.

Ënnert anerem d’Boxerin Imane Khelif (r.) huet bei den Olympesche Spiller fir Diskussiounsstoff gesuergt

Ënnert anerem d’Boxerin Imane Khelif (r.) huet bei den Olympesche Spiller fir Diskussiounsstoff gesuergt Foto: AFP/Mohd Rasfan

Ech wëll an dësem Bäitrag de „confirmation bias“ oder och eis „Bestätegungstendenz“ uschwätzen, déi psychologesch Begrëffer fir Follgendes: Eis Tendenz als Mënsch, Informatiounen esou ze verschaffen, datt mir no Informatioune sichen oder Informatiounen esou interpretéieren, datt se mat eisen existéierenden Iwwerzeegungen iwwertenee stëmmen. Dat heescht, datt, wa mir eppes liesen oder héieren, dat eis Meenung bestätegt, mir oft mat vollkommener Iwwerzeegung dobäi sinn, ouni eis Froen ze stellen. An dat féiert dozou, datt mir vläicht ëmsou méi un engem Virurteel festhalen. D’Olympesch Spiller bréngen dëse Mechanismus a vollen Zich zum Virschäin.

Jetzt kostenlos testen: Ihr persönlicher 24-Stunden-Zugang

  • Zugang zu allen Online-Artikeln
  • E-Paper auf tageblatt.lu und in der App

Sie haben bereits ein Konto ? Melden Sie sich hier an.

Das könnte Sie auch interessieren

Forum von Franz Fayot und Olivier Bichel

Wir glauben an das Bahnhofsviertel