Forum
Carole, René, Josée: Wat ass lass mat iech? – Ein offener Brief von Richtung22
frEsch geet schlussendlech juristesch géint Richtung22 vir. Domat stitt dir, d’Directrice vum Escher Theater, d’Directrice vum Escher Kulturservice an den Direkter vun der Kufa, eis geschwënn an engem Geriichtsprozess géigeniwwer. Als Membere vum Verwaltungsrot vu frEsch wëllt dir e Konschtkollektiv op d’Strooss setzen, ouni Alternativ. Wat dat fir ee Bild an Zäite vun autoritärer Repressioun géint d’Zivilgesellschaft ass, brauche mir iech net z’erklären.