Leserforum
Biergerbedeelegung: Et gëtt där ni genuch, awer …
Foto: Pixabay
Virun zéng Joer schonn ass dem David Van Reybrouk säi Buch mam Titel „Tegen verkierzingen“ an engem Amsterdamer Verlag erauskomm. Op Däitsch iwwersat, mam Titel: „Gegen Wahlen – Warum Abstimmen nicht demokratisch ist“, koum et dunn dräi Joer méi spéit 2016 am Wallenstein Verlag eraus. Den Auteur plaidéiert fir eng Demokratie, déi per Lousverfaren d’Bierger:innen abënnt an domadder eng wierklech Participatioun géif erméiglechen.