Detailansicht
10.02.2026
Mat schwéieren Häerzer a grousser Trauregkeet deele mär den Doud vun eisem Komerod Nico Hilbert, zanter 45 Joer Partei- an och laangjärege Komiteesmember vun der LSAP Déifferdeng, mat. Den Nico woar e Mann, deen sech fir d’Gerechtegkeet agesat huet – sief et op sozialem wéi och op mënschlechem Plang. Dowéinst souz hien och jorelaang a verschiddene Gemengekommissiounen, ë.a. an der Sozialkommissioun.Eis Gedanken si bei senger Famill an dëser schwiereger Zäit. Den Nico wäert an eisen Häerzer an an eisen Erënnerungen als e Mann vu sozialisteschen Iwwerzeegunge bleiwen. Äddi Nico 305421