Cholera

Zur Erënnerung un d’Epidemie vun 1866

Elo, wou ee besser huet, et geet a fiert een net ze vill oft eraus, a wou och déi zu Stuben- an Terrassenhocker ginn, déi soss ëmmer ënnerwee sinn, huet een Zäit, sech mol erëm Wierker aus senge Bicherregaler erauszekropen, mat deenen ee sech scho laang net méi befaasst huet a bei deenen een och deemools net alles duerchgebliedert hat.

Keng Alterskategorie, kee Geschlecht an kee Stand ass vun der Krankheet verschount bliwwen

Keng Alterskategorie, kee Geschlecht an kee Stand ass vun der Krankheet verschount bliwwen Foto: Editpress-Archiv

Am Kontext vun der Corona-Kris, déi eis all beschäftegt a vill ze denke gëtt, konnt ech mech drun erënneren, datt de Joseph Flies a sengem héich interessante Buch mam Titel „Das andere Esch“ der Cholera-Epidemie e ganzt Kapitel consacréiert hat. E Buch, dat 1979 erauskoum an all al a méi jonk Escher – a firwat net och vill anerer – interesséiere kéint. D’Buch, dat ganzer 2.000 Frang kascht huet, ass längst vergraff an héchstens mat e bësse Chance nach an engem Antiquaire ze fannen. An der Escher Stadbibliothéik huet een awer ëmmer d’Méiglechkeet, et sech auszeléinen oder et zumindest „sur place“ ze konsultéieren. An deem ganzer 1.300 Säiten ëmfaassenden an héchst interessante Buch, eng bewonnerenswäert Fläissaarbecht vum Här Flies, erzielt hien, wéi Cholera-Epidemie deemools, an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert, am Joer 1866, ausgebrach ass – déi uerg Krankheet ass also net, wéi mer iertemlecherweis kierzlech gemengt a geschriwwen haten, schonn dräi Joer méi fréi zu Esch ausgebrach – „mea culpa“ deemno, Abbé Flies!

Jetzt kostenlos testen: Ihr persönlicher 24-Stunden-Zugang

  • Zugang zu allen Online-Artikeln
  • E-Paper auf tageblatt.lu und in der App

Sie haben bereits ein Konto ? Melden Sie sich hier an.

Das könnte Sie auch interessieren
;