Bicherserie „Timba“
„Weeër a Spueren“ vum Yorick Schmit – eng Geschicht mat Escher Lokalkolorit
„Weeër a Spueren“ heescht den aktuelle Band aus der „Timba“-Rei vu Kremart Edition – enger Serie mat Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch an engem klenge Format. Mat liewegem Toun erzielt den Auteur Yorick Schmit eng wäit zréckreechend Familljegeschicht, där hire Verlaf ëmmer erëm vun der Natur – notamment verschiddene Beem – bestëmmt gëtt.
Am 13. Band vun der „Timba“-Rei beschreift de Yorick Schmit d’Vergaangenheet vun enger Lëtzebuerger Famill aus dem Minett Foto: Mireille Maas/Kremart Edition
Den neie Band aus der Rei „Timba“ vu Kremart Edition ass schmuel wéi seng Virgänger – ëmsou méi iwwerrascht den Inhalt, deen net wéineger wéi d’Geschicht vun enger Lëtzebuerger Famill iwwer sechs Generatiounen ëmfaasst. Am Bichelchen „Weeër a Spueren“, geschriwwe vum Yorick Schmit, geet et konkreet ëm e Papp a säi sechsjärege Jong Ben, déi zesummen an de Bësch ginn, fir e Bam ze planzen. Bei där Geleeënheet geet dem erwuessenen Erzieler de Saz duerch de Kapp: „Mäi Stammbam stécht voller Beem.“ Dës Ausso, déi fir d’éischt irritéiert, stellt sech als Motto vun der Erzielung eraus. Iwwert e puer Statioune verzielt de Papp sengem Bouf d’Erliefnisser vu senge Virfueren an der Escher Ëmgéigend – an zwar ëmmer a Bezuch op verschidde Beem, déi eng Schlësselroll am Liewe vun der jeeweileger Persoun ageholl hunn.