Theater
Wat de Bauer net kennt: „Zowaasch“ vum MASKéNADA-Kollektiv
Mat „Zowaasch“ clôturéiert d’MASKéNADA-Kollektiv säi groussen Esch22-Projet „Ee roude Fuedem duerch de roude Buedem“ a gräift nieft dem feministeschen Iwwerbau Theme wéi den Alldag vun den Aarbechter an der Schmelz, déi lues Gentrificatioun vun eisem Land an d’Nazi-Occupatioun op. Dat ass trotz gudden Usätz deelweis e bëssen ze vill däers Gudden.
Mat Wëllenskraaft géint d’Occupatioun – eng vun den Zeenen aus „Zowaasch“ fënnt an der verloossener Église Sainte-Barbe statt (C) Bohumil Kostohryz
Dat verschlofent Lasauvage, dat eemol am Joer duerch de Blues Express waakreg gerëselt gëtt a soss héchstens eemol ee blatzegt A opmécht, wann de Patron vum schicken Duerfrestaurant mam décke Won seng Ronnen duerch d’Duerf zitt, wierkt wéi aus der Zäit gefall.