Cabaret
Tëscht Schlappekino a Game of Thrones: Eng satiresch Chronik vum Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti
No „Sorry fir den Duercherneen” (2017) a „Märd alors!!!” (2019) briechen de Jhemp Hoscheit an de Jules Arpetti hir Zwee-Jores-Reegel a sinn am Moment nees ënnerwee mat hirem bis ewell drëtte Programm, dee sech nennt: „Fréier wor alles – Eng satiresch Chronik vun de 60er-Jore bis haut vum a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti.“ Interessant ass bei dësem Programm, datt de Réckbléck sech net nëmmen op dat vergaangent Joer bezitt, mee op déi vergaange 60 Joer. Mir hu mam Jhemp Hoscheit iwwert hire neie Programm dierfe schwätzen an do déi eng oder aner Anekdot scho verzielt kritt.
De Jules Arpetti an de Jhemp Hoscheit lueden op eng Zäitrees an Foto: Val Wagner