Noruff fir de Fernand Weber (82)
Mat Leif a Séil fir säi Betrib, d’Famill an d’Veräiner gelieft
An dankbarer Erënnerung un de Fernand Weber, engem häerzensgudden a joviale Mënsch, deen Zäit senges Liewe sech mat ganz vill Engagement fir de Betrib an d’Mataarbechter vum Busbetrib Emile Weber agesat huet. An sech ëmmer virbildlech a mat ganz vill Léift ëm seng Famill gekëmmert huet. An derniewent sech nach Zäit geholl huet, am Benevolat de Veräiner ëmmer eng Hand mat unzepaken, wann Nout um Mann war.
Fernand Weber Foto: Romain Welter
De Fernand Weber ass den 22. September 1941 a Krichsjore vum Zweete Weltkrich eragebuer ginn an huet vu Gebuert u bis zu sengem Dout zu Kanech gewunnt. No senger Léier als Mecanicien, déi hien zu Miersch mat Succès ofgeschloss huet, ass hie sengem Beruff e ganzt Liewe laang trei bliwwen.