Esch22 – Richtung22

Manner Mënsch, méi (Geld)maschinn: Richtung22 dréit d’europäesch Kulturhaaptstad zu Gruef

Fir d’Begriefnis-Party vun Esch 22 huet sech d’Kollektiv Richtung22 esou munches afale gelooss: Wärend enger Pressekonferenz, zu 50 Prozent gehale mat Feieralarm, gouf a Präsenz vum Kinnek Agora dem Éischten an der Fancy Grey op d’Joer zeréckgekuckt, owes gouf dës Performance net just widderholl, mä ëm d’Projektioun vum Kuerzfilm „Esch a Flamen“ an eng Rei vun Ofschloss-Concerten ergänzt.

Mam Hummer: Déi kritesch Approche vu Richtung22 ass net nuancéiert, mä oft erfrëschend. 

Mam Hummer: Déi kritesch Approche vu Richtung22 ass net nuancéiert, mä oft erfrëschend.  Foto: Jeff Schinker

„Eist Kulturjoer ass endlech eriwwer. Engersäits ass dat eng Erliichterung, anerersäits awer och ee grousst Soulagement.“ Mat dëser energesch-resignativer Aleedung gouf um 28. Dezember Esch22 vum Fancy Grey, dem Evil Twin vun der Esch22-Koordinatrice Nancy Braun, am Bâtiment 4 zu Gruef gedroen. Knapps sechs Deeg no der offizieller Ofschlossfeier mat enger Hellewull u Rieden a Sech-dichteg-op-d’Schëller-Klappen an der Rockhal, huet d’Konschtkollektiv Richtung22 d’Begriefnis gefeiert. Dobäi ass d’Läich vun der Kulturhaaptstad nach wotlech, hongreg kreesen d’politesch Geier ronderëm a froe sech aus sécherer Distanz, wéi an ob een den Debakel fir d’Waljoer ka rentabel maachen.

Jetzt kostenlos testen: Ihr persönlicher 24-Stunden-Zugang

  • Zugang zu allen Online-Artikeln
  • E-Paper auf tageblatt.lu und in der App

Sie haben bereits ein Konto ? Melden Sie sich hier an.

Das könnte Sie auch interessieren

Festival Wiltz

Klangdeserteure und „frisch renovierte“ Neubauten

Livre politique

Alain Duhamel dresse le portrait de la classe politique française