Test-Concert
Mam Schnelltest op eng lues Reprise vum Event-Secteur zousteieren
Mat „Because Music Matters“ huet d’Rockhal d’lescht Woch fënnef Test-Concerten organiséiert, virun deenen d’Zuschauer sech hu missen engem Schnelltest ënnerzéien. D’Iddi wier, esou eng lues Reprise vum Event-Secteur an d’Weeër ze leeden. Mir hunn eis mam Olivier Toth, Direkter vun der Rockhal, mam Virolog Claude Muller, mam Marc Scheer aus der Kufa a mam Michel Welter vum Atelier ënnerhalen – a waren op engem vun de Concerten.
Social Distancing mol anescht: Ee rezente Concert vun de Flaming Lips
Et war ee Bild ewéi aus engem poetesche Science-Fiction-Film: Virun e puer Méint haten d’Flaming Lips ee Concert gespillt, wou d’Zuschauer an enger Zort Seefeblos agespaart waren, fir esou d’Show z’erliewen, ouni d’Gefor ze lafen, sech géigesäiteg unzestiechen. D’Biller dozou si beandrockend – wien allerdéngs ënner Klaustrophobie leit, fir deen dierft d’Virstellung vun esou engem Concert alles anescht wéi agreabel sinn. Et ass dëst eent vu villen Zenarien, wéi de Concert vun der Zukunft kéint ausgesinn. Aner Varianten implizéiere Féiwer moossen, Schnelltester, Maskepflicht, Distanzéierung an eng begrenzt Unzuel un Zuschauer. Kuerz: Alles, wat de Concert-Aficionado bis elo gesicht huet – Fräiheet, d’Proximitéit zu aneren, Danzen, Béier – ass den Ablack, a wuel nach fir laang Zäit, gestrach.