Diddeleng
Laang net méi gegloust: Den Usina22-Festival um Site „Neischmelz“
Esou gegloust wéi de Weekend zu Diddeleng op der Schmelz huet et laang net méi – wiederméisseg an och musikalesch. Dat Ganzt um ale Industriesite vun der Schmelz – de „Remix“-Geescht vun Esch 2022 hunn d'Organisateuren (ënnert anerem d’Stad Diddeleng, de Gudde Wëllen, den Atelier an Esch2022) esou nawell gutt opgegraff.
20220611, Dudelange, Neischmelz, Usina22, Foto: Editpress/Alain Rischard Foto: Editpress/Alain Rischard
De Festival Usina22 huet zwee Deeg laang e grousse Museksprogramm ugebueden, verstreet op fënnef Bünen, mat Headliners ewéi de Kings of Leon, The Mysterines, Josh an Alice Merton. Lëtzebuerg war och staark ënnerwee, mat Acts ewéi Francis of Delirium, Tuys, Culture The Kid an der Live-Band vum DJ Bobby Bieles.