Kulturpolitik

Kënschtler erliewen zweete Lockdown: Eng Klasseretenue fir d’Kultur

D’Theatere sinn zou, d’Kierche bleiwen op. De Black Friday zitt eng Hellewull u Leit an d’Shopping Mall, mä d’Kultur, déi besonnesch kreativ an dem Respekt vun de sanitären Oplage war, muss nees Paus maachen. Wou et beim éischte Lockdown ee grousst Versteesdemech am Kultursecteur gouf, stéisst d’Inkohärenz vun den neie Moossnamen dem Milieu sauer op.

De Jérôme Konen, Direkter vum Kinneksbond, viru sengem eidele Sall

De Jérôme Konen, Direkter vum Kinneksbond, viru sengem eidele Sall Foto: Editpress/Didier Sylvestre

Méindeg, 16. November: No der ausverkaafter Première vun „AppHuman“ ginn déi 60 Theaterbesicher Rei fir Rei aus dem Theater evakuéiert – wéi bei engem Feieralarm, dee sech an Zäitluppentempo ofgespillt hätt. Obschonns de Public begeeschtert ass, wierkt den Erfolleg bescheiden: 60 Mënsche maachen ebe beim Klappe manner Kaméidi, wéi wann déi 267 Plaze vum Kapuzinertheater voll besat sinn. Virum Adequat versammele sech Famill a Kolleege vun der Ekipp, de Couvre-feu léisst eng Zäitfënster vu genee engem éischten (a leschte) Béier – eng Première-Feier an Zäite vun der Pandemie. De Garçon wierkt nawell genervt, well ze vill Clientë baussen op der klenger Terrasse an um Bar hänken, en Deputéierte fëmmt eng, kuckt eis mat engem melancholesche Bléck, éiert e prophezeit: „Profitéiert, Bouwen, gläich ass och dëst eriwwer.“

Jetzt kostenlos testen: Ihr persönlicher 24-Stunden-Zugang

  • Zugang zu allen Online-Artikeln
  • E-Paper auf tageblatt.lu und in der App

Sie haben bereits ein Konto ? Melden Sie sich hier an.

Das könnte Sie auch interessieren

Interview

Avishai Cohen ist der Essenz des Jazz auf der Spur