Luxemburgensia
„Gleef net, wat d’Fréijoer der versprécht“ vum Joseph Kayser
Knapp ee Joer no sengem misanthropeschen „De Mann, deen ëmmer laacht“ verëffentlecht de Joseph Kayser „Gleef net, wat d’Fréijoer der versprécht“, ee Roman iwwert schlofend jiddesch Konten, dee sech leider dem nämmlechte Virwërf wéi „Stella“ vum Takis Würger an „Charlotte“ vum David Foenkinos stelle muss – nämlech, jiddesch Geschicht als Virwand fir eng pathosgeluedenen, deelweis uerg kitscheg Fiktioun ze benotzen.
De Lëtzebuerger Auteur Joseph Kayser (C) Lisa Folschette
Zanter bal 40 Joer schafft den Arthur Schimberg, dee „gutt installéiert a sengem Eleng“ um Lampertsbierg haust, fir di lëtzebuergesch Filial vun der däitscher Drebenstatt-Bank. Seng lescht Missioun: Dokumenter archivéieren, fir d’Schléissung vun der Filial no de gesetzlechen Normen z’erméiglechen. Den Arthur ass ee Mann ouni besonnesch Eegeschaften, eng liicht blatzeg Figur, déi an dëser Zort Bildungsroman Faarf wäert kréien – an historesch Faarf muss bekennen.