FAL-Serie (12)
Familljeliewen am Zesummenhang mam Autismus
Am Kader vun hire 25 Joer wëll d’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Am leschten Deel vun der Serie „12 Méint – 12 Geschichten“ riicht d’FAL hir Opmierksamkeet op d’Familljeliewen am Zesummenhang mam Autismus. D’Famill besteet aus deenen éischte Persounen, déi an eist Liewen trieden, a mat grousser Sécherheet sinn et och déi, déi bis zum Liewensenn bleiwe wäerten. D’Familljeliewen huet also eng fest Plaz am Liewe vun all Mënsch an huet soumat och eng Plaz an dësem Projet verdéngt.
D’Feierdeeg sinn e gudde Moment, fir un d’Famill an hir Ënnerstëtzung ze denken Foto: Freepik
Wéi eng Erausfuerderunge bréngt den Autismus net nëmme fir déi betraffe Persoun, mä och fir hir Famill mat sech? Wéi kann ee sech genuch Zäit fir déi spezifesch Bedierfnisser vun engem autistesche Kand huelen, ouni d’Geschwëster vun dësem ze vernoléissegen? A wat si positiv Elementer, déi den Autismus fir d’Familljeliewe mat sech brénge kann? Mir hunn eis mat zwou erwuessene Persounen aus dem Autismus-Spektrum souwéi mat enger ganzer Famill iwwert hiert Familljeliewen ausgetosch.