Rockeg Confusioun
Fallen Lies feieren hiren Debütalbum an der Rockhal
Betruecht een d’Musekslandschaft a Lëtzebuerg fir d’Joer 2020, stellt ee séier fest, datt eng Hällewull u Bands an Artisten neit Material verëffentleche wäerten. D’Tageblatt wäert an deenen nächste Méint mat den Interpreten iwwert hir musikalesch Karriär, hir Alben an hir Passioun schwätzen an och e Bléck op hir Concerte geheien. Den Ufank mécht mat Fallen Lies eng Hardrock-Band, déi schonns leschte Freiden an der Rockhal hiren Debütalbum „Confusion“ virun engem ausverkaafte Rockhal-Floor presentéiert huet.
Sinn elo am Lëtzebuerger Rockzirkus ukomm: Fallen Lies Foto: Sascha Dahm
Ier Fallen Lies awer déi kleng Bün an der Rockhal a Beschlag geholl hunn, huet mat Stelise eng weider Lëtzebuerger Formatioun dierfen den Opener sinn an et huet ee sech ënnerschwelleg direkt iergendwou an d’1990er Joren zeréckversat gefillt, well d ‘Stëmm vum Elise Nunes an de psychedelesche Sound gemëscht mat Trip-Hop-Influenzen net vun ongeféier u Gréisste wéi d’Cranberries oder Massive Attack oder och nach London Grammar erënneren. Sou schei d’Sängerin an hiren Usproochen och wierkt, esou gewalteg ass hir Stëmm, déi deen een oder anere vläicht scho bei der Band Heavy Petrol héieren huet. Et ass sécherlech net falsch, wann d’Frontfra seet, datt et schwéier wier, sech an enger hallwer Stonn kënnen ze verkafen, mee et ass Stelise gelongen an et hofft een, datt dëse Projet no der Verëffentlechung vum éischten Album „If There is an Escape“ vun 2018 nach en nächste Longplayer in petto huet.