Theater
„En ausgetrëppelte Schong“ vum Jean-Paul Maes: Wëlle mer wierklech bleiwen, wat mer sinn?
Am Theaterstéck „En ausgetrëppelte Schong“ vum Jean-Paul Maes dréit sech alles ëm eng Sandal, déi no enger Vakanz am Thierry senger Wallis optaucht. De Schong suergt fir uerg Diskussioune mat senger Fra Valérie; dobäi gëtt op eemol kloer, dass et hei net einfach ëm e Kleedungsstéck geet, iwwer dat gestridde gëtt, mee ëm eng schiedlech Bezéiung, an där zwou Persoune gefaange sinn. An nach méi: Fokusséiert ginn eng ganz Rei vun aktuelle Sujete vu globaler Relevanz. Mat aussergewéinlechem dramaturgesche Geschéck gräift den Auteur d’Flüchtlingsproblematik, d’Klimakris an de weltwäiten Ecart tëschent Aarm a Räich op. Den Haaptmessage: Net ewechkucken, och wann et schwéierfält.
D’Valérie (Nora König) an den Thierry (Marc Baum) si béid Opfer an Täter. Mat hire verbalen Attacken di se sech géigesäiteg wéi. Foto: Kaleidoskop-Theater
No enger All-inclusive-Rees an engem nordafrikanesche Land kommen d’Valérie an den Thierry rëm bei sech doheem un. D’Koppel, déi zesumme mat hirer 16 Joer aler Duechter Anne fort war, schwäermt vun der Vakanz. D’Iesse wier immens gewiescht, alles hätt hinne gefall, an iwwerhaapt: Wa „mir“ (als räich Europäer? Als Lëtzebuerger, déi am Wuelstand liewen?) net géingen dohi goen, géing et de Leit dohannen nach vill méi schlecht goen. D’Koppel laacht iwwer déi angeeblech Bornéiertheet vun engem eeleren däitsche Puer, dat sech doriwwer opgereegt hätt, et géing am Hotel kee Kaffie vu „Jacobs Krönung“ ginn. Wann een an engem frieme Land wéilt dat kréien, wat een och bei sech an der Heemecht huet, misst ee jo guer net fortfueren. Dat ass de Fazit, deen d’Valérie an den Thierry zéien.