Äddi, Charly’s Halt

Eechternoach, schi Steedchen, bleif is erhalen!

Eechternoach, schi Steedchen, bleif is erhalen!

Archivbild: Editpress/Tania Feller

Säit den Terminus voam Bus, su wi fréer dee voam Charly, net mi op der Gare bäi der Sauer ass, ma an d’rue des Remparts, no bäi de Cactus, verloag geen ass, heelt den „110“ net mi wi noach viroan e poar Mint op der Hicht voan der Rabatt. Do, wu d’Zebrasträif riicht eriwer op déi aner Säit en Däl voan de Passagéier direkt an d’Wiertschaft gefouert hat, stungen den Dostesch Germain an deem ee Café, an dee legandäre Janse Will an deem aneren, an hire respektiven „Charly’s Bars“ op hir Stammclienten an aner Kroanemécken ze waouerden. Op Nummer 60 war d’„Flantermaous“, e Koasthaus an Danzlokal, wu d’Zaldote voan der Eechternoacher Garnisunn schunn am 19. Joarhonnert gäier aus an a gaange säin ... a spidderhin de Schullmääster Bisdorff woane kum. Voan do oa feert den Direktbus aus der Stad, dat klä Stéckelche gläich weider bis op sein nei Destinatiunn, knapp 100 Meter mi wäit, rechts em den Eek.

Jetzt kostenlos testen: Ihr persönlicher 24-Stunden-Zugang

  • Zugang zu allen Online-Artikeln
  • E-Paper auf tageblatt.lu und in der App

Sie haben bereits ein Konto ? Melden Sie sich hier an.

Das könnte Sie auch interessieren

Dippach

Ursprüngliches Vorhaben nicht umgesetzt: Innenministerium stoppt Geländetausch

;