Theater
„Ech zielen iech mäi Liewen an dir nennt dat eng Fouer“
Am Kulturjoer sinn et 65 Joer hier, dass zu Roum de Grondstee fir d’EU geluecht gouf – Grond genuch, eng Zort Bilan ze zéien: Wat huet d’Unioun erreecht? Wien huet dovu profitéiert? Wiem huet se geschuet? Wéi ee Stellewäert huet si haut, wou Europa nees an engem Krich implizéiert ass? An der „Gëlle Kou” gëtt et keng Äntwerten, mä véier Visiounen, Bilanen an Analysen, déi an der Fiktioun vu véier Auteur*innen erfuerscht ginn – mat méi oder wéineger Succès.
D’Esther Conter an de Claude Faber spillen déi verschidde Figuren aus de véier Eenaktere vun der „gëllener Kou“ Foto: Kaleidoskop-Theater
Wärend deem éischten Text, dem Ian De Toffoli senger „One Man Show“, erzielt ee Mann vu senger polygamer, oppener Bezéiung, déi e mat senger Fra hat, éiert se sech fir ee méi klassesche Modell entscheet hunn: Um Ufank gouf et „just“ sechs Amanten, spéider waren et der 22, esou dass hien deelweis dobaussen huet misse waarden, wärend seng Partnerin sech bannen mat aneren ameséiert huet – gestéiert hätt hien dat net. Wat sech um Ufank wéi eng fiicht Männerphantasie unhéiert, ass näischt anescht wéi eng Allegorie op d’Europäesch Unioun: E bësse wéi beim Guy Helminger sengem Europa-Stéck „Guten Morgen Ihr Völker“ gëtt den Déclin vun der EU mathëllef vun enger Bezéihungsanalogie duergestallt – a gläichzäiteg mat verschiddene Relatiounsmodeller ofgerechent. Dat ass net ëmmer subtil, dofir awer intelligent geschriwwen – a stellt déi richteg Froen iwwert d’Zukunft vun der EU.