Esch

E perséinlechen Noruff: RIP Jengi a merci fir alles, Här Turmes!

De 26. November ass am Escher Altersheem – „meng lescht Statioun“, wéi hie sot – eise fréiere Latäinproff, de Jean Turmes aus dem LGE, am stolzen Alter vu 97 Joer gestuerwen. Hie wuar „à la fois“ ee gudde Proff an ee gudde Mënsch, zu dem mär Septimaner an de fréiere 60er-Joeren opgekuckt hunn a vun deem mer, anescht wéi enger ganzer Reih vu peinleche Pauker géigeniwwer, ee grousse Respekt, mee awer keng Angscht haten an och net bréichten ze hunn!

De Jean Turmes huet de Schüler Lektioune fir d’Liewe mat op de Wee ginn a woar hinne géigeniwwer ëmmer mënschlech a gerecht

De Jean Turmes huet de Schüler Lektioune fir d’Liewe mat op de Wee ginn a woar hinne géigeniwwer ëmmer mënschlech a gerecht Foto: LGE-Archiv

Hien huet Schüler anescht behandelt wéi z.B. de „Max“, deen eis drangsaléiert a geschloen an eis dodurch déi englesch Sprooch fir ëmmer verleed huet, oder wéi z.B. den „Hasch“ am Rechnen, deen eis aner als Stater Fuzzi vun uewen erof behandelt huet, respektiv de „Lunti“, deen eis all mat Fuesbegleedung vum Preau an d‘Paus gedämpt huet. Dat ass gaangen, bis eng Kéier engem Quintaner séin Alen de Lunti dowéinst zur Ried gestallt a mat dem Schlawittche geholl huet, grad esou wéi et mäi Papp mat dem „schiifen Otto“ ee Joer drop sollt machen.

Jetzt kostenlos testen: Ihr persönlicher 24-Stunden-Zugang

  • Zugang zu allen Online-Artikeln
  • E-Paper auf tageblatt.lu und in der App

Sie haben bereits ein Konto ? Melden Sie sich hier an.

Das könnte Sie auch interessieren
;