Noruff
Den Aimé Knepper, ee Kämpfer mat Kanten a Charakter
Den Aimé Knepper ass nobäi honnert Joer al ginn, ma mat ee bëssche Pech wär hie wuel schonn als jonke Mënsch mat knapp zwanzeg vun de Preisen erschoss ginn, wann se hie kritt hätten, well hie war bei der éischter Geleeënheet aus der Wehrmachtsausbildung desertéiert. Datt dëst him erspuert blouf, verdankt hien dem Albert Ungeheuer an senger Filière, déi him wéi villen aneren zu Clermont-Ferrand op der Préfecture falsch Pabeieren ausgestallt hunn, déi et dem Aimé Knepper, alias Gauché, erlaabt hunn, ënnerzetauchen. Hien huet den éischten Urlaub derzou benotzt, fir ze desertéieren a gouf doduerch zum Refraktär wann och net zum Maquisard.
Den Aimé Knepper, wéi en am Joer 2016 virun de Schüler vum Lycée Michel Rodange schwätzt Archivbild: Editpress/Isabella Finzi
Hien huet mär erzielt, datt hien, erëm zeréck doheem, zesumme mat der Famill déi gehaassten Uniform am Uewen zu Kielen verbrannt huet. Den Aimé, deen an de sechzeger Joeren eise Sportsproff am LGE war, huet sech séi Liewe laang dem Albert Ungeheuer zu Dank verpflicht gefillt, well ouni seng Hëllef hätt hien, grad ewéi ganz vill anerer, et schwéier gehat, heel durchzekommen. En huet sech sengem „Bienfaiteur“ ëmsou méi an der Schold gefillt, wann ee weess, datt den Albert Ungeheuer grad ewéi de Loutrenger Marcel Meyer hiert couragéiert Engagement zugonschte vun de Refraktäre mat hirem Liewen hu bezuele missen, wéi se den 19. Mee 1944 um Struthof erschoss goufen.