Theater

„Dat wackelt a passt net“

Fir den zweete Volet vun hirem ambitiéisen Esch2022-Projet „Ee roude Fuedem duerch de roude Buedem“ huet MASKéNADA de Jean Bürlesk an d’Mandy Thiery dozou engagéiert, den Obeler Bësch mat grujelege Gestalten an eng ontologesch Grozon tëscht Liewen an Doud ze verwandelen – an de Fraefiguren aus ale Legenden déi Platz ze ginn, déi se eigentlech scho laang missten hunn.

Vun Hexen, Geeschter a louche Paschtéier: den zweete Volet vum „roude Fuedem duerch de roude Buedem“

Vun Hexen, Geeschter a louche Paschtéier: den zweete Volet vum „roude Fuedem duerch de roude Buedem“ Foto: MASKéNADA

Ee gudde Mount, nodeem een am Ellergronn ee fragmentéiert a méisproochegt Lauschterstéck ëm eng Wiewerin an hire Mann, ee fanatesche Jeeër, bei engem Trëppeltuer konnt entdecken, bitt de Kënschtler*inne-Kollektiv MASKéNADA den zweete Volet vun hirem groussen Esch2022-Projet, deen a sechs Stécker opgedeelt ass an an deem al Lëtzebuerger Legenden, inspiréiert vum Mil Goerens sengem Wälzer „Eiser Soen”, op eng feministesch Aart solle beliicht ginn.

Jetzt kostenlos testen: Ihr persönlicher 24-Stunden-Zugang

  • Zugang zu allen Online-Artikeln
  • E-Paper auf tageblatt.lu und in der App

Sie haben bereits ein Konto ? Melden Sie sich hier an.

Das könnte Sie auch interessieren

„Léa ou la Théorie des systèmes complexes“

Ian De Toffoli erhält den „Prix Servais“ 2026

;