Noruff
D’Bicher bleiwen: De Manuel Schortgen ass vun eis gaang
No e puer Ofsoen a laangem Waarden op Äntwerten hunn ech 2016 e puer Kopië vu mengem Manuskript ënnert den Aarm geklemmt a sinn op d’Walfer Bicherdeeg gepilgert, d’Houmass vum Lëtzebuerger Literaturbetrib. Dat ass dat net aussergewéinlecht Schicksal vu villen Auteuren a Schrëftsteller hei am Land. Iergendwann stoung ech um Stand vun den Editions Schortgen. Do hunn ech de Manuel Schortgen kenne geléiert.
Foto:Editpress/AlainRischard
Hien hat direkt en Ouer fir mäin Uleies an huet mer, trotz de ville Leit, déi de Stand belagert hunn, interesséiert nogelauschtert. Sechs Woche méi spéit krut ech en Uruff vum Manuel Schortgen mat der Zouso, dass mäin éischt Buch wäert gedréckt ginn. Esou wéi mir ass et enger ganzer Rei Auteuren zu Lëtzebuerg ergaangen. Méi wéi ee Lëtzebuerger Schrëftsteller, deen ech duerno kenne geléiert hunn, huet mir eng ganz änlech Geschicht vum Manuel Schortgen erzielt.