Alternative Rock
Beats am Blutt, Melodien am Ouer: Mutiny on the Bounty spillt ee fantastesche Concert an de Rotondes
Gëschter hu Mutiny on the Bounty an de Rotondes zwee nei Lidder virgestallt – a sou ganz niewebäi bewisen, dass se eng vun deene beschte Live-Bands weltwäit ass.
Elo schonn ee vun de beschte Concerte vum Joer: Mutiny on the Bounty an de Rotondes Editpress
Eng vun de gréissten Erausfuerderunge vum Kulturkritiker zu Lëtzebuerg besteet doranner, dass ee meeschtens net weess, wéi ee sensibel iwwer Produktiounen aus dem eegene Land soll schreiwen. Wier een an Däitschland oder Frankräich, géif sech d’Fro manner stellen – do ginn et esou vill Konschtproduktiounen an esou vill Medien, dass de Lien tëscht Kënschtler a Kritiker manner intim, de Milieu manner „à fleur de peau” ass. Zu Lëtzebuerg ass et esou, dass alles, wat ee schreift, peche bleift – weist een eng gewëssen Indulgence, ass ee séier am Konschtmilieu beléift (mä entdaacht näischt als Kritiker), esou bal een awer iwwert iergend eppes knoutert, weist sech de ganze Secteur solidaresch an de Kritiker huet alt nees näischt verstanen. Wie manner vun der Saach versteet, ass oft am Virdeel.