Noruff

„An?“: Eng perséinlech Erënnerung un de Jay Schiltz

„An?“ E bësse laang gezunn ass d’Aussprooch. D’Hiewe vun der Stëmm virum Froenzeechen. Et sicht een no enger Äntwert, ewéi wann et géing heeschen: „Wat fir Strëmp hues de haut un?“ Oder: „Wat fir eng Faarf huet däi Campingsstull?“ Oder nach: „Wéi laang hues de gehalen, am Stau op der A3?“ Et hätt eng vun deene sëllechen, onintresséierte Froe kënne sinn, wou een näischt muss soen, well se net wierklech wichteg ass. A wou de Géigeniwwer sech och net onbedéngt eng Äntwert erwaart.

Den Auteur a Journalist Jay Schiltz ass d’lescht Woch am Alter vun 62 Joer gestuerwen

Den Auteur a Journalist Jay Schiltz ass d’lescht Woch am Alter vun 62 Joer gestuerwen Foto: Editpress-Archiv

„An?“ Beim Jay stoung e Laachen am Gesiicht, breet a frëndlech. Zwee An, déi gespaant duerch de Brëll mam zolitte Gestell geblénkt hunn. Déi gedëlleg gewaart hunn, fir gewuer ze ginn, wéi et mer wierklech géing goen. Perséinlech. Wat d’Famill géing maachen. Wéi et mam Schreiwe wär. „An?“ – e Wiertchen als Fro, déi voller Interessi war, déi mech beim Aarm geholl a gesot huet: „Komm, laf elo net fort. Ech géing dat gär wëssen. Éierlech. Et kënnt jo net op d’Antenn. Ziel mer vun dengem Schreiwen. Ziel mer, wat s de soss esou méchs.“

Jetzt kostenlos testen: Ihr persönlicher 24-Stunden-Zugang

  • Zugang zu allen Online-Artikeln
  • E-Paper auf tageblatt.lu und in der App

Sie haben bereits ein Konto ? Melden Sie sich hier an.

Das könnte Sie auch interessieren

Skulptura 2026

Wenn die Kunst der Natur eine Stimme verleiht

Littérature du Luxembourg

Lambert Schlechter entre en dialogue avec Lu Yu – un poète qui ne répond jamais