Luxemburgensia (11)
„… and they’re looking for trouble“
A sengem bis elo perséinlechste Buch beschreift de Roland Meyer ee Lëtzebuerger Liewen an de 70er Joren. An de beschte Momenter geléngt et „Glous“, eng gesellschaftlech Transitioun duerch de Filter vu jugendleche Figuren duerzestellen, déi d’Erwuesseliewen aus enger deels kannereger, deels brutaler Perspektiv erfueren.
De Lëtzebuerger Auteur Roland Meyer
Den Tun, de Carlo an den Erzieler si ganz normal Lëtzebuerger Bouwen. Hiren Alldag verbréngt déi kleng Band domat, der ze stëbsen an ze stiichten, am Haff Kläppen z’organiséieren, u plakeg Mossen ze denken an dem Paschtouer, och nach „de Sadist“ genannt, ee Sënnen-Echantillon ze beichten. Di dräi sinn ëmmer just dann daper, wa se net un déi méi staark Schoulkomerode stoussen; hiert Weltbild ass ondäitlech a staark gepräägt vun den Erwuessenen hier Meenung. „Bei eis doheem goufen et dräi Gruppe vu Feinden: d’Kapitalisten, d’Auslänner (...) an dann d’Preisen.“ Dass d’Weltsiicht vum Papp, deen op der Schmelz schafft, no der Moiesschicht den Tour vun de Bistroe mécht a bei schlechter Laun de Bouf beetscht, liicht schif ass, spiert de jonken Erzieler relativ séier: „Dem Arsène sengen Elteren huet d’Fonderie gehéiert, dat si Kapitalisten, sot mäi Papp, Kapitalisten, wéi se am Buch stinn. Kee Mënsch konnt soen, wéi ee Buch dat war, an deem d’Kapitaliste stoungen, mee hie sot esou. Mee hie sot och dacks Säckdréier, wéi se am Buch stinn, oder Drecksäck, wéi se am Buch stinn.“