Lëtzebuerger SproochVu Quiddegebeess bis Hondsaaschdrëpp

Lëtzebuerger Sprooch / Vu Quiddegebeess bis Hondsaaschdrëpp
 Foto: dpa-tmn

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

D’Natur steet an der Bléi, fir eis am Summer eng Hellewull Uebstzorten ze schenken, déi een ideal ka weiderverschaffen. Den Armand Becker vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch huet sech fir déi séiss an héichprozenteg Produiten interesséiert, déi een doraus ka maachen, an hëlt eis mat an d’Welt vun de lëtzebuergeschen Nimm fir Gebeesser an Drëppen.

Onbeandrockt vum weltwäite Lockdown leeft d’Liewen an der Natur a sengem gewinnte Rhythmus weider. Dat ass eng ganz berouegend Feststellung a well d’Erausgoen an d’Natur an der Zäit vum Coronavirus zu de beléiftsten Ofwiesslungen am Alldag gehéiert, fält dat déi Kéier besonnesch ville Leit op.

Am leschte Magazin (Tageblatt-Editioun vum Samschdeg, 25. Abrëll) hate mir eis mat de lëtzebuergeschen Nimm fir Kraider a Gewierzer, fir Uebst-, Nëss- a Geméiszorte beschäftegt. An dëser Ausgab sti kloer d’Friichten am Mëttelpunkt, awer net si selwer, mee dat, wat een aus hinne kann hierstellen – an zwar wann een se kacht oder brennt. Dat eent gëtt eppes ganz Séisses, dat anert eppes Héichprozenteges.

Fir d’éischt zum Séissen, op Däitsch bezeechent een et als „Brotaufstrich“, op Lëtzebuergesch schmiert een et op eng Schmier: Et geet also ëm d’Gebeess, dat aus Zocker an agekachte Friichte besteet. „Konfitüre“ ass deen offiziellen däitschen Term, „Marmelade“ awer dee méi geleefege Begrëff. Dora fënnt ee gemenkerhand och nach Stécker vun de Friichten. Wann een där keng wëllt, da muss een op e „Gelee“ zeréckgräifen, dem Duden no ass dat e „süßer Brotaufstrich aus gallertartig eingedicktem Fruchtsaft“. Op Lëtzebuergesch einfach: Jelli. An eiser Lëscht hu mir eis op d’Gebeess- a Jelliszorte vun de lokalen Uebstzorte konzentréiert.

Dat selwecht gëllt fir dat Héichprozentegt, also fir d’Drëppen oder de Branntewäin. Viraussetzung hei ass, wéi den Numm et ewell verréit, datt gebrannt, also destilléiert gëtt. Am Däitsche bezeechent „Branntwein“ Spirituosen a Mëschunge mat méi wéi 15 Volumeprozent Alkohol. D’Wuert Schnaps gëtt dacks als Synonym gebraucht, jee nodeem, wéi enk een déi eenzel Begrëffer definéiert. Am Géigesaz zu héichprozentegem Schnaps ass Likör an der Reegel manner staark an e gutt Stéck méi séiss.

Ugemaacht oder ugesat

Niewent de gebrannten Drëppen an de Liköre gëtt et och nach ugemaachten oder ugesaten Drëppen. Dës Drëppe ginn net op déi klassesch Manéier gebrannt, mee, wéi den Numm et scho seet, ugesat. Hei gi Friichten, Kraider oder och Wuerzelen an e Behälter gefëllt, deen dono mat Alkohol opgefëllt gëtt. Dëst Gemësch léisst een dann eng Zäitchen zéien, datt d’Aromae vun den eenzele Bestanddeeler an den Alkohol iwwerginn. Wann dat Ganzt da laang genuch gezunn huet, gëtt d’Mëschung gefiltert an a Fläsche gefëllt. Fäerdeg ass dann déi ugemaachten oder déi ugesaten Drëpp. No dësem Prinzip hunn d’Leit fréier, awer och nach zum Deel haut, Mëschungen ugesat, déi als Medezin genotzt gi sinn. Ee Beispill heifir ass e Likör aus de jonken Dännespëtzen, deen d’Leit als Houschtsirop geholl hunn. Haut däerf een dees kee méi usetzen, well et verbueden ass, déi jonk Dännespëtzen ze sammelen. Dofir ginn dacks einfach Dännennole geholl, fir déi dann unzesetzen.

Fir d’Lëschte mat de lëtzebuergesche Begrëffer gouf sech am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ënner anerem op dat aalt „Luxemburger Wörterbuch“ beruff. Natierlech goufen och déi lëtzebuergesch Wikipedia an de Korpus vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire consultéiert, dat ass eng gréisser Textsammlung mat mëttlerweil bal 50 Millioune Wierder a ronn 580.000 Wuertformen. Mat Bléck op méi modern Sprooch-, Iess- an Drénkgewunnechte sinn och den Gin an de Limoncello an d’Tabellen opgeholl ginn, net awer déi lokal Nimm, déi et fir muench vun dëse Produite gëtt. Dobäi erauskomm ass dëse klengen (a sécher net kompletten) Ausfluch vum Quetschekraut a Quiddejelli bei d’Hondsaaschdrëpp an de Wäinheffebranntewäin.

Ze soe bleift, datt een net nëmme Gebeess an Drëppe vum Uebst ka maachen, mee och nach vill aner gutt Saachen. Mir hunn eis hei elo op d’Gebeess- a Jelliszorten, d’Likören an d’Drëppe beschränkt. Geneesou gutt kann ee mam Uebst och Kompott oder Sirop kachen, Taarte baken oder Glacen a Sorbete maachen. Egal wéi: Prost a gudden Appetit!

ZLS an LOD

Vill vun dëse Begrëffer grad ewéi vun deene vun der leschter Woch sinn elo scho mat méi Inhalt am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD.lu) ze fannen, iwwer anerer gëtt aus ënnerschiddleche Grënn nach recherchéiert an anerer si schonn an der Maach, dat heescht um Wee an den Dictionnaire. Wann Dir weider Zorten oder Nimm kennt, da schéckt dem Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) se. All Input ass wëllkomm, einfach mailen op: lod@lod.lu.