LeserforumTatta Tom an der Bibliothéik zu Esch

Leserforum / Tatta Tom an der Bibliothéik zu Esch
D’Pride 2023 zu Esch Symbolfoto: Editpress/Tania Feller

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Mir sinn net „Nonzénghonnert am Bulli“ an dofir fannen ech et eng Frechheet, dass d’Leit sech op de soziale Medien iwwert d’Virliesung vun engem Mënsch opreegen. Et ass e Mënsch wéi du an ech. Ob grouss, kleng, wäiss, blo, déck, dënn, et ass ganz egal, wéi d’Persoun, déi virliest, ausgesäit!

Wann s du der Meenung bass, dass däi Kand keng tolerant a respektvoll Wäerter léiere soll, da méchs du et dengem Kand ganz schwéier, sech an der Gesellschaft zurechtzefannen. Well wat ass, wann däi Kand sech mat engem Geschlecht identifizéiert, mat deem et net op d’Welt komm ass?

Ennerdrécks du dann d’Gefiller vun dengem Kand? Soll däi Kand sech bis zu dengem Doud onwuel a sengem Kierper fillen? Soll d’Kand mat Elektroschocke gefoltert ginn? Oder léiwer an d’Kierch goen a mam Paschtouer driwwer schwätzen, dee vläicht drënner leid, heemlech schwul ze sinn?

Wann een déi sëlleg mënscheveruechtend a sexistesch Kommentarer duerchliest, dann ass dat KENG Meenungsfräiheet! Wann Dir schonn esou vill Zäit hutt, da googelt mol d’Wuert „Meenungsfräiheet“. Op Däitsch ass et „Meinungsfreiheit“ an op Franséisch „la liberté d’opinion“.

Wann Dir sou wäit komm sidd, ouni e beleidegende Kommentar an de soziale Medien ze posten, da misst Dir ongeféier sou eppes fannen:

„Art. 24. La liberté de manifester ses convictions philosophiques ou religieuses, celle d’adhérer ou de ne pas adhérer à une religion sont garanties, hormis les infractions commises à l’occasion de l’exercice de ces libertés.“

Dëst ass en Zitat aus der Lëtzebuerger Verfassung. A wann s du mengs, dass du dech muss géint eppes Mënschleches ausdrécken an dat ëffentlech verbreeden, dann ass dat e Beweis, dass du mënschefeindlech agestallt bass an dass du nach vill Bildung nohuele muss. Dofir bidd denge Kanner d’Méiglechkeet, sech ëmmer weiderzeentwéckelen an Neies ze entdecken. Net dass si an déi Situatioun kommen, dass se ebeemol am Erwuessenenalter nach iwwer Sexualitéit, Fräiheet a Meenungsfräiheet opgekläert musse ginn.

Ech ënnerstëtzen dës Virliesung an hunn och kee Probleem domat, dass Kanner vun der Tatta Tom virgelies kréien, vun egal wéi enger Persoun. Ausser déi Persoun wier e Mënschefeind, esou wéi s du?

Ujheen
19. Juli 2023 - 16.33

Ech ënnerschreiwen Äeren knubbelegen, och Deels latent mënscheveruechtenden Artikel net, a sinn och absolut net Äerer Meenung, a kengem Punkt.

Mais vu dass Där jo en toleranten an weltoppene Mënsch sidd ass dat jo och ok fir Äech an Där kënnt domadder liewen dass ech eng aner Meenung hunn, déi ech hei elo net divulgéiere wëll.

JJ
19. Juli 2023 - 15.05

@Grober,
Bildung vum Smartphone, nom Motto: " Mäin Handy an ech wëssen alles." " A wat fir e Mier leeft den Nil?" " Do muss dir mäin Smartphone froen."

Grober J-P.
19. Juli 2023 - 10.58

"dass du nach vill Bildung nohuele muss." Tja, bei gewësse Leit ass dat leider nët méi méiglech. Un wat soll dat eigentlech leien?

JJ
19. Juli 2023 - 10.00

@Tim W,
Bravo. Genau sou ass ëtt. Déi enk gestréckten Käpp déi haut um "asozialen Netz" dierfen hire Quatsch verbreeden sinn méi geféierlech wéi mir mengen. Mir kennen de Problem vun der chrëscht-kathoulescher Moralgeessel mat där mir als Kanner getrimmt goufen. Dat sickert bis haut duerch.An lo, nodeems mir Dank Gambia de Paf aus der Schoul eraushunn,geet de Misär um Netz weider. Bicher soll e liesen,net verbrennen.Awer déi richteg. A wann eng Tatta Tom dat mécht ass dat ganz gutt fir eis Kleng. Si huet och e Rack unn,d'selwecht wéi de Paschtouer,awer si huet déi richteg Bicher.