LeserforumSpillautomaten an de Bistroen

Leserforum / Spillautomaten an de Bistroen
  Foto: Editpress/Alain Rischard

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Et ass säit längster Zäit gewoosst dass, ech nennen se Geldautomaten, an den ëffentleche Lokaler verbuede sinn. An den Enn 60er, ugangs 70er sinn déi Geldspiller aus de Caféen erausgezu ginn. 

Eng zweete Kéier gouf zugeschloen, wéi aacht Deeg virun der Ouverture vum Mondorfer Spillcasino eis grouss Lëtzebuerger Arméi vun der Justiz rekrutéiert gouf an Zaldote mat hiren Arméicamionen duerch Land gehetzt goufe, fir iwwerall déi Atomate vun der Mauer ze räissen an um Härebierg ze stockéieren. 

Dono näischt méi, a lues a lues koumen dunn erëm ëmmer méi perfektionéiert Automaten an d’Caféen zeréck. Ouni dass dat awer och mol am geréngsten iergendeppes ausgemaach hätt a vun Ufank un dat hätt missten ofgeschaaft ginn. 

Ech hu vun 1980 un, an der Chambre de commerce, déi Wiertscoursë gehalen, déi et engem gesetzlech erlaabt hunn, e Bistro opzemaachen. A mengem Cours stoung a steet och nach Haut, dass Geldspillautomate verbuede sinn. Dat wor ëmmer eng interessant Diskussioun. Well een de Leit huet missten, ënner anerem, erklären, firwat déi Spiller vun der Loterie Nationale erlaabt sinn an déi aner net. 

Des weidere froen ech mech, wat fir e Wäert e Gesetz huet, wat net kontrolléiert gëtt. Da schaaft et of!

JJ
19. Juli 2023 - 9.49

@Schintgen,
genau. Mir hunn och nach Gesetzer aus der Postkutschenzäit. Awer wat hu mir aus der Geschicht geléiert? E Gesetz wat net vum Vollek unerkannt gëtt huet kee Bestand. Prohibitioun an Amerika ass dat beschte Beispill. Oder eben den Drogekonsum.