LeserforumRietspopulismus zu Lëtzebuerg – an elo?

Leserforum / Rietspopulismus zu Lëtzebuerg – an elo?
 Foto: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Elo ass et also och zu Lëtzebuerg esou wäit, dass Politiker aus konservativen a liberale Parteie sieleroueg Friemefeindlechkeet a Rietsextremismus verbreeden an der Hoffnung, der ADR Wieler ofzeknäppen. Wéi üblech si mer e puer Joer hannendran – sief et, well et eis weiderhi verhältnisméisseg gutt geet, oder well Lëtzebuerg nach ni Cutting Edge war, och wa mir eis dat gären arieden. „Eng Press, déi just nach op PR aus ass“, zu Däitsch „Lügenpresse“, beim Trump „fake news“ genannt. Et ass esou onoriginell – net emol eis Populiste kënne sech eppes Neies afale loossen!

Mee eise Retard huet de Virdeel, dass mer kënnen aus dem Ausland léieren, wat do funktionéiert (a virun allem: net funktionéiert), fir deem populisteschen Diskurs entgéintzewierken an dem Rietsextremismus de Wand aus de Segelen ze huelen. Dat missten eigentlech och Lies, Beissel asw. wëssen: Anti-Immigratiouns-Parolen nozequaken huet der CDU an Däitschland net vill bruecht an der AfD kee Batz geschuet. Trotzdem konnte si et net loossen. Mee mir mussen do net matspillen.

Wat kënne mir deem also entgéintsetzen? Aus Däitschland misste mer geléiert hunn, dass et kontraproduktiv ass, exzessiv iwwert esou Aussoen ze berichten, a sief et, fir se ze verurteelen (ech si mer bewosst, dass mäi Lieserbréif elo och dozou bäidréit). Als Géigebeispill ginn a leschter Zäit oft eis wallonesch Nopere genannt, wou eng wierkungsvoll „Brandmauer“ an der Press bestoe soll, extremistesche Parole kategoresch keng Plattform ze bidden.

Sécher wär et och hëllefräich, méi aggressiv en alternativen Narrativ ze fërderen. Wann een d’Lieserkommentarer online kuckt (vu soziale Medie guer net ze schwätzen), fënnt een do bal nëmmen extrem riets bis rietsextrem Meenungen. Esouguer am Tageblatt! Jo, et kascht Iwwerwannung, als Eenzelnen an dee bronge Morast ze waten a seng Stëmm ze erhiewen. Mee wa keen et mécht, entsteet onweigerlech den Androck, Lëtzebuerg wär voller klenger ADR-Wieler. An esou engem Ëmfeld huet sécher och den Här Lies säi Schassdreck hannerlooss, am Wëssen, dass en op fruchtbare Buedem géing falen.

Mee wat doraus wiisst, sténkt engem nëmmen d’Bud voll. Loosst eis Lëtzebuerg vu senger schéiner Säit weisen – faarweg, villfälteg, oppen a wirtschaftlech gutt gestallt. Vläicht kënne mer esou derzou bäidroen, d’Onkraut erëm an déi däischter Ecken ze verbannen, wou et higehéiert.