LeserforumResignation vor den Wahlen: CSV Dirty Campaigning & Denunziatioun & Kollateral Scheed

Leserforum / Resignation vor den Wahlen: CSV Dirty Campaigning & Denunziatioun & Kollateral Scheed
Den CSV-Politiker Laurent Mosar Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wann Interpretatioune vun der CSV, wat Wal-Perioden a Wal-Werbung ubelaangt, schonns à la Limite sinn, ass dat, wat se sech mam Interview vum Liz Braz geleescht huet, ee richtege Skandal. Wann dann nach de Laurent Mosar als Top-CSV-Politiker op déi gewosst gefakten Informatiounen dropspréngt an se an den soziale Medie verbreet, obwuel hie wosst, datt et eng gefakten Informatioun ass, dann huet hie gutt beim Donald a Fox News opgepasst a geléiert. Wann dann den Här Mosar sech verteidegt, andeem e seet, dat géif zum politesche Geschäft gehéieren, da kritt de Luc Frieden seng Aussoen, datt den „C“ vun der CSV net fir Religioun steet, mee fir Wäerter. Gott sei Dank, well soss séizen der schonns e puer am Feegfeier, wann net esouguer an der Hell.

Als neutrale Beobachter ass mir (an dem Här Bettel) schonns an der Affär FAGE der CSV hiert Verhalen, a besonnesch dat vum Här Mosar, am Hals stieche bliwwen. D’CSV huet 2020 eng Denunziatioun beim Parquet gemeet, well FAGE International mat fiktive Consulting-Rechnunge vun zwou Lëtzebuerger Bréif-Boîten-Gesellschaften (de fait deemools Aktionäre vu FAGE International) hir Steierlaascht op quasi null gedréckt hätt. Si hätten des Informatioun an enger Kommissiounssëtzung kritt. Den Artikel 23 vum Code d’instruction criminelle géif eng Denunziatioun verlaangen. Wann een sech Bilanen um Registre de Commerce ukuckt, brauch een duerfir keng Kommissiounssëtzung. Datt ausgerechent ee Protagonist vun Steier-Rulings, déi deenen auslänneschen (a Lëtzebuerger!) Steier-Administratioune Milliarden entzunn hunn, sech do Suergen gemeet huet, de Lëtzebuerger Fisc géif schlecht ewechkommen, ass den absolutten Hummer. Als Affekot a Lobbyist verstoppt en sech hannert dem Secret professionnel, a verdéngt just drun.

Déi nämmlecht CSV huet sech wärend der Covid-Kris iwwregens géint all Denunziatioun gewiert, well dat u Methode vun der Nazi-Besetzung géif erënneren.

Et kann een sech de Bilan 2022 vu FAGE ukucken. D’Gesellschaft bezilt nach ëmmer minimal Gewerbesteier, obwuel déi contestéiert Paiementer vu Consulting-Fräien agestallt goufen. Et wär och fir d’CSV einfach gewiecht, erauszefannen, firwat een trotz 22 Milliounen Euro Bénéfice nëmmen e puer Euro Gewerbesteier an ICC bezilt. D’CSV wär nämlech ganz séier op ee Ruling aus de Joren ënnert engem Finanzminister Luc Frieden gefall.

Laut CSV wäre Paiementer vun dëse Kommissiounen also entweeder Escroquerie fiscale oder fraude fiscale aggravée. Esou Violatiounen verstoussen och géint d’Geldwäsch-Gesetz. CSV-Politiker, andeems se mat groussen Tamtam mat hirer Denunziatioun an d’Ëffentlechkeet gaangen sinn, hunn sech domat engem Verstouss géint den sougenannten „no tipping off“-Paragraf haftbar gemaach, à moins datt deen net fir Politiker zielt. Duerch dëse Paragraf soll verhënnert ginn, datt déi Responsabel iwwert eng Denunziatioun gewarnt géife ginn.

Pour la petite histoire: FAGE huet sech bekanntlech Enn 2021 fir eng nei Fabrik an Holland decidéiert, déi Mëtt 2024 operationell gëtt. Déi hollännesch Agentur fir auslännesch Investissementer (NOM) freet sech: „Die Einbettung eines so großen Projekts macht das Ganze schnell sehr komplex. NOM hat daher in Absprache mit den beteiligten Parteien allen relevanten Aspekten wie Versorgungsunternehmen, Abwasser, Stickstoffproblemen, den erforderlichen Genehmigungen und der Koordination zwischen den Beteiligten große Aufmerksamkeit geschenkt. Alles in allem ein intensiver Prozess, der fast ein Jahr gedauert hat (zu Lëtzebuerg geschätzten 10 Joer, gefillten 20). Wir freuen uns, dass wir in guter Absprache mit FAGE auch ihnen diese Unterstützung anbieten konnten.“

Elo féiere Camionen de Jugurt aus dem dezentralen Holland duerch ganz Europa. Ass dem Kämpf géint déi global Klima-Kris domat gehollef? Ech mengen net. D’Kris muss global bekämpft ginn, an net nëmmen zu Beetebuerg.

charles.hild
9. September 2023 - 12.46

De "Projet Fage" war vun ufank un eng eenzeg Katastroph. Gutt dass dee Spuk laanscht ons gaang as. Leider huet de Wirtschaftsministère et nach ëmmer net begraff: Ganz vill Awunner sinn es saat mat deem oniwwerluete "Wuestum". Dee bréngt zwar Geld. Awer Geld huet Lëtzebuerg dach am iwwerfloss! De Wuestum schued enorm der Liewensqualitéit. Dofir fléien d'Leit och dauernd vun enger Vakanz an déi aner. Si lafe fort vun doheem, well Lëtzebuerg ass nach just eng eenzeg "Zone industrielle" mat enger grousser "Place financière" a "Cité dortoire".