LeserforumPiraten, Méco, Greenpeace a Co.: Hänn ewech vun eise Suen!

Leserforum / Piraten, Méco, Greenpeace a Co.: Hänn ewech vun eise Suen!

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den Deputéierte Clement vun de Piraten hat sech am Februar 2023 an der Chamber fuerchtbar doriwwer opgereegt, datt d’Leit vum Pensiounsfong an der Kommissioun geflunkert hätten, fir nit méi ze soen, wéi se behaapt hätten, datt den MSCI World, an deem +- 1.600 Gesellschafte vertruede sinn, eng besser Performance (an Diversifikatioun) hätt wéi den MSCI World Paris Aligned Index, an deem nëmmen +/- 600 Gesellschaften aus dem MSCI World Index vertruede sinn, dorënner och Gesellschaften, déi Atomstroum produzéieren. An zwar hätt deen éischten zënter 2013 bis op den 31. Januar 2023 ee Rendement pro Joer vun -8,76% (Ech weess nit, ob dat ee Minus-Zeechen soll sinn) pro Joer versus 7,98% beim MSCI World. An der CGFP-Zeitung No 278 widderhëlt en dës Behaaptung mam Minus-Zeechen inklusiv. Ech weess nit, wat genau gesot gouf, mee vläicht haten d’Spezialisten vum Fong nach am Kap, datt den MSCI Paris aligned Index 2022 minus 21,88% gemeet huet an den MSCI World nëmmen (sic) minus 18,14%. Vläicht hätt den Här Clement sech och Froe kënne stellen, wéi een 2013 an ee Paris aligned Index konnt investéieren, wann den Accord vu Paräis richt den 12. Dezember 2015 ënnerschriwwe gouf an de 4. November 2016 a Kraaft getrueden ass, an MSCI dësen Index richt am Oktober 2020 lancéiert huet.

Nom Rapport 2022 vum „Fonds de compensation“ ass fir all Aktien-Kompartimenter, passiv oder aktiv gemanaged, den MSCI World Total Return (net) Index an USD zeréckberechent an Euro, de Benchmark-Index, un deem sech Fong-Manager ze orientéieren hunn.               

Beim Kompartiment Global Equities Paris Aligned – Indexed gëtt dësen Index och als Referenz-Index geholl, mee Investissementer ginn alignéiert op Gesellschaften, déi dem Paräiser Ofkommen mat dem Zil vun enger Erwiermung vu vill manner wéi 2°C schonns méi nokomm sinn, ouni datt se dat aktuell schonns sinn. Fir a Gesellschaften ze investéieren, déi haut schonns de Paräiser Accord respektéieren, ass schwiereg bis onméiglech, well 90% vun de Gesellschaften haut nach eng implizitt Temperatur-Augmentatioun (ITR) vu méi wéi 1,5°C  hunn,  wat et extrem schwiereg méicht, fir een diversifizéierte Portefeuille opzebauen mat Gesellschaften, déi haut schonns een ITR vun 1,5°C  hunn. Dat soen nit ech, mee de Sponsor vun den MSCI Indexer.  

An all Ufänger-Broschüre „Wie werde ich an der Börse zum Millionär?“ steet, datt déi vergaange Performance keng Garantie fir eng zukünfteg Performance ass, soss wier jo jidderee Millionär.   

Ech hat et schonns geschriwwen: Piraten a Co., Hänn ewech vun eise Suen. Kuckt Dir, datt mir den Tanktourismus an den Export vun Tubak lass ginn an zugläich de Staatsbudget erëm an d’Gläichgewiicht kréien. Dir wäert zum Resultat kommen: „mission impossible“. Also verlaangt nit vun eisem Pensioun-Fong, datt hie fir Iech d’Käschten aus dem Feier hëlt. Ech hu voll Vertrauen an déi eenzeg Responsabelen, nämlech de Verwaltungsrot vum Fong, méi jidderfalls, wéi an een Zauber(?)-Léierbouw vun de Piraten.  

Orientéiert Iech léiwer um norwegeschen „Governement Pension Fund“ mat engem Ethikrot (!), deen an engem vu senge Joresberichter schreift: „Hence, the Fund is not a political instrument for attaining, for example, regional, industrial, climate or foreign policy objectives.“