LeserforumOuni Nëssknacker wiere mir bei rebellescher Tetra-Packung glat erhéngert

Leserforum / Ouni Nëssknacker wiere mir bei rebellescher Tetra-Packung glat erhéngert
 Symbolfoto: picture alliance / dpa

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

D’Freed war grouss, wéi meng Fra eng Portioun Bärlauchzopp op d’Tellere gemaacht hat. Mee wéi si eng Tetrapackung mat Ram opmaache wollt, ass d’Freed gaangs a gelleg Roserei ëmgeschloen. Dee Plastiksstopp huet sech einfach nit opdréie gelooss. Ech hu gemengt, mat enger fiichter Fatz géif dat besser goen. Mee dee Borscht wollt sech einfach nit opdréie loossen. Du hunn ech eise gudden Nëssknacker aus dem Tirang geholl. Deen hunn ech misse richteg op de Stopp setzen, bis datt dee Rebell sech schliesslech dréie gelooss huet. Déi nächst Iwerraschung huet net op sech waarde gelooss. Wéi mir eng Portioun Ram an d’Zopp, déi du scho wotlech gi wor, maache wollten, ass keng Drëps Schmant erauskomm. Ee kuerze Bléck an d’Lach huet eis bewisen, datt eng zolidd Alufolie dat verhënnert huet. Alt nees de Stopp dropgemeet, eemol fest erofgedréckt a schwuppdiwupp war d’Ram disponibel. Also, wann ee wéi meng Fra an ech schonn eng 7 a Punkto Alter als éischt Ziffer stoen huet, da revoltéiert et eis, datt mir et ëmmer méi dacks mat Verpackungen ze dinn hunn, déi sech nit gudd opdréie loossen. Dat mécht mech rosen. Geet et nit duer, dass mir den Trapelift huele mussen a mat dem Covid mussen eens ginn?

J.C. Kemp
7. Februar 2022 - 8.49

Hëllef, keen doheem!

Mila
6. Februar 2022 - 14.27

Meng Kaz follegt net.

Miette
5. Februar 2022 - 22.32

Mir brach letzten Sommer ein Fingernagel ab, beim öffnen einer Limonadendose???

Jäiz No Hëllef
4. Februar 2022 - 18.45

Ass hei de Reklamatiounsbüro fir Leit déi net méi eens ginn?

O'lobri
4. Februar 2022 - 18.43

Meng Fra ass eng Klont.

Marisse
4. Februar 2022 - 12.33

@GeTee "Béis Zongen behaapten et wieren och emol Zäiten gi wou een eng Mellechtut einfach huet musse mat enger Scheier opmaachen." Jo, 1971, wéi Dir nach geschafft hutt. "Mee dat war zu enger Zäit wou nach keng Pärdsschwanzträger an der Regierung souzen di alles besser konnten a woussten." Nee, déi Zäit hu Leit am Lodemantel hir Weisheeten aus der Bibel bezunn.

CESHA
3. Februar 2022 - 9.22

Das Problem liegt darin, dass man zwecks Einsparung von Plastik die Verschlüsse immer niedriger gemacht hat, sodass man sie mit alterschwachen Fingern kaum noch zu fassen kriegt, um daran zu drehen.

Millermoaler
2. Februar 2022 - 22.48

Soll ech Iech déi fantastesch Geschicht erzielen wéi ech eng Sardinnebéchs net opkrut?

GeTee
2. Februar 2022 - 19.15

Béis Zongen behaapten et wieren och emol Zäiten gi wou een eng Mellechtut einfach huet musse mat enger Scheier opmaachen. Mee dat war zu enger Zäit wou nach keng Pärdsschwanzträger an der Regierung souzen di alles besser konnten a woussten.

Laurence
2. Februar 2022 - 15.56

Ojee, gëtt elo all Kéier wann e Bop d‘Cornischongsglas net opkritt, e Lieserbréif geschéckt? Gitt op Féissbuk, si waarde schonn op Iech.

bruno.bauer
2. Februar 2022 - 12.18

Maacht einfach d'Tetrapackung esou op, wéi Der se opgemaach hutt wéi se dee Stopp nach net erfonnt haten. Sou laang ass dat jo net hier.