Leserforum(Net) Weider esou!

Leserforum / (Net) Weider esou!
 Foto: AFP/Pool/Mikhail Metzel

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wat si mir es sat, dauernd déi sauer falsch Fisemin vun deem schreckleche Krichsverbriecher virgespillt ze kréien, ëmmer an ëmmer erëm Ausschnëtter aus senge Propagandariede mussen ze héieren, op alle Medien nolauschteren ze mussen, wéi dauernd vu Wale geschwat gëtt, déi jo dann awer guer keng richteg fräi Wale waren, wou awer ëmmer nees d’prozentual Bedeelegung ervirgestrach gëtt …

Lauschtert opmierksam all Wuert an all Saz no, wann dee Fatzbeidel senge Leit fir hir fräi erzwongen Trei an Ënnerstëtzung Merci seet … an anengems dem Westen dreet, lächerlech an onnéideg weider déi dräi Konkurrenten/Matleefer (mat hire Prozentzuelen) derbäi presentéiert ze kréien, a schlussendlech si mir bei all Newsspot op der Siegesfeier virum Kreml mat derbäi, mattendran, an all Stonn op all Sender ëmmer erëm … dass mir jo nëmmen näischt verpasse sollen …

Bei där Geleeënheet feiert de Gangster jo och säi Meeschterstéck: déi völkerrechtlech Besatzung vun der Krim virun zéng Joer … wou de Weste jo scho sou magistral versot huet, ugemoossen ze ripostéieren … amplaz deene gringen anonyme Männercher Bescheed ze ginn an deene versprachene Garantie fir d’Ukrain Folleg ze leeschten. Musse mir eis dat ëmmer an ëmmer erëm ukucken? Amplaz dass d’Fakte vun de Fake News iwwerrullt ginn a vill Leit ee falscht Bild vermëttelt kréien.

Firwat gëtt net op alle Mediekanäl dauernd fir eist Demokratieverständnis, fir eis schwéier erkämpfte Rechter a Fräiheeten, fir eist fräit an onbeschwéiert Liewen ënnert dem Zeeche vu Mënscherechter a -würd „Propaganda“ gemaach? Firwat gëtt net weider d’Geschichtsbewosstsäin an Erënnerung geruff, fir (just deene jonke Generatiounen) déi schrecklech Zäiten ënnert dem sowjeteschen System kloerzemaachen, wéi souverän Staaten der Rei no besat an d’Populatiounen ënnerdréckt, gekniecht, gefoltert a vergewaltegt goufen: all Moossname waren (a sinn nach ëmmer) op onmënschlech Aart a Weis erlaabt, fir d’Fräiheet an d’Selbstbestëmmung vu ville Völker am Keim ze erstécken (Polen, DDR, Ungarn, Tschechoslowakei, etc.). An haut gëtt erëm deem bluddegen, brutalen, märderischen Diktator gehuldigt, versicht dee klengen, frustréierte fréiere Geheimagent an déi grouss Fussstapfen ze trieden, fir seng Dreem vun engem Risen-Imperium – ouni Grenzen! – op d’Käschte vu Millioune Leit an immensem Leed ze realiséieren.

Firwat gëtt net all Dag an alle Mediekanäl diskutéiert, erkläert, gestridden a kloergestallt, „ëm wat et geet“, firwat gëtt net versicht, d’Deutungshoheit iwwer d’Wourecht am fräie Westen héichzehalen a clever a bestëmmt géint déi geféierlech Propaganda unzegoen, ouni d’Angscht opkommen ze loossen, wann se dohannen iwwert en Drëtte Weltkrich witzelen a sech schon d’Stied eraussichen, déi se fir d’éischt ugräife willten.

Firwat soll de Westen sech verbidden, gëeent a resolut un der Säit vun engem agresséierten, fräien Staat dem Verursaacher vun deem onméigleche Krich entgéintzetrieden an ze bestëmmen: Stopp! Firwat soll et dem Géigner erlaabt sinn, weltwäit bei Alliéierten Zaldoten a Waffen a Munitioun ze beschafen … an déi aner sollen am Eck geduckt nokucken … a keng Ënnerstëtzung däerfen ubidden? A sech selwer net däerfe verteidigen?

Wéi laang nach lauschtere mir nach deene P-Versteher an eisen Demokratien no … ouni just si fir déi gewënschte Friddensverhandlungen op Moskau ze schécken … an se do „einzufrieren“, bis et dem Diktator genehm ass? Musse mir dann elo wierklech virun deenen eegenen – gesponserten – EU-Zerstéirer fäerten, dass just si a fräie Walen demnäxt un d’Rudder kommen?

Dann awer: gare la Box!

Iwwregens hat L laang Joren een Ausseminister, dee mat vill Häerz a Verstand d’internationalt Recht an d’Rechter vun deenen Ärmste vun deenen Aarme verdeedegt huet, deen net drop gewaart huet, wat seng Kolleege géinge virsoen, deen eng kloer Linn hat an däitlech Aussoe gemeet huet. An dobäi ass och d’Falschheet an d’Absurditéit vun der vill gefuerderter „Diplomatie“ däitlech ginn: gell dir Häre Luxus-Botschafter, déi hei am fräie Meenungswesten hir ekelhaft Propaganda (gegen besseres Wissen musse) verkafen.