LeserforumCMCM oder CFMNCMML?

Leserforum / CMCM oder CFMNCMML?
 Foto: Editpress/Julien Garroy

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Am Virfeld vun deem Evenement, wat ons dësen Donneschdeg bevirsteet, wollt ech hei nach un e puer Fakten errënneren. Déi aacht Leit, déi dem Här André Heinen virun ongeféier zwee Méint d’Mësstrauen ausgesprach hunn, sinn: Gilbert Goergen, Fernand Fischer, Eugène Kirsch, Marc Keipes, Nicole Arensdorf, Chrëscht Flammang, Jeannot Jung an Yves Scharlé. Et handelt sech hei ëm e „bunt zusammengewürfelter Haufen“ vu Leit, déi aus ville verschiddene Mutuellen a Berufssparte kommen an duerchaus ganz verschidde Beruffserfarungen hunn, an doduerch eng grouss Vielfalt vun Ideeë mat an d’CMCM bruecht hunn an och weiderhi wëllen erabréngen.

Déi véier Leit, déi beim Mësstrauensvotum net derbäi waren, sinn d’Hären Nico Dusseldorf, Jean-François Steichen, Raymond Wengler a Christian Schumacher. Den Här Raymond Wengler huet sech fir d’Wale vum 18. Abrëll 2024 net méi opgesat an den Här Christian Schumacher brauch jo net gewielt ze ginn, well e jo de Representant vun der „Fédération de la mutualité luxembourgeoise“ (FNML) an der CMCM ass. Um Internetsite vun der FNML, ënner „Conseil d’administration“, fanne mir e.a. folgend Opstellung (leschten Check: 14.4.2024): Christian Schumacher – Président & Délégué à la CMCM, Nico Dusseldorf – Délégué de la CMCM, Jean-François Steichen – Conseiller juridique. A mir wëssen, dass den Här Raymond Wengler jo de viregte President vun der FNML war.

Zousätzlech erlaben d’Statute vun der CMCM och nach der FNML, op all AGO-AGE sechs zousätzlech Delegéierter ze schécken, dëst am Kader vun der virtueller „Mutuelle 98“! Ausserdeem war den Här Jean-François Steichen, éier hien an de Conseil d’administration vun der CMCM koum (viru plusminus véier Joer), de juristesche Beroder vun der CMCM an huet ons Statuten deemools ausgefäerdegt an als Member vum CA déi lescht véier Joer och zu de Statutemodifikatioune bäigedroen! E.a. war den Här Nico Dusseldorf vun 2012 bis 2016 Generalsekretär vun der FNML, huet dunn awer säi Mandat niddergeluet, fir ab 2016 dann an den CA vun der CMCM eriwwerzewiesselen!

Och an den AGO vun de Mutuellë kréie mer vun den Representante vun der FNML bestätegt, dass si sech aus allem wäerten eraushalen! Obwuel mer hei also véier Persounen am CA hunn, déi ënnert iergendenger Form e Fouss an der FNML hunn an haten, ginn ech jo awer dovun aus, datt mer ons hei net an engem eventuelle „Conflit d’intérêt“ befannen! Ein Schelm, wer Böses dabei denkt!

Mat mutualistesche Gréiss, e wierklech besuergte Mutualist.

Grober J-P.
22. April 2024 - 9.59

Gin déi Hären einfach esou dohi gesaat? Gin déi Affiliéiert iwerhaapt gefro? Wou fannen ech déi Statuten?