LeserforumKeng Reklamme méi an der Boîte 

Leserforum / Keng Reklamme méi an der Boîte 
 Foto: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wann et da gutt wouer wär! Zanter ugangs dës Joers solle keng Reklammsbliedercher a Folderen méi an eise Bréifkëschte verdeelt ginn, jiddefalls mol do, wou nët extra den Autocollant „I like Pub – Oui Pub“ op der Bréifkëscht drop ass! An dat stëmmt awer net, jiddefalls net hei an der Gemeng Woltz! 

Den Autocollant „I like Pub“ ass net op menger Bréifkëscht, awer zenter 9 Jor den Autocollant „Keng Reklammen w.e.g.“, an awer krut ech bis elo, trotz Verdross méngersäits, nach ëmmer déi Reklammsbliedercher, wou Leit an orangë Kostümer sécher am Optrag vun der Gemeng Woltz lassgescheckt ginn, déi ze verdeelen! 

Elo hat ech da gehofft, säit der neier Initiativ fir de Popeierverbrauch ze drosselen, an zemol, wou ech net den extra verdeelten Autocollant „Ech hu gär Reklammen“ op meng Bréifboîte gepescht hunn, ech wär dem Popeierkoup vu Reklammen elo endlech mol lass a menger Bréifboîte! 

Wäit gefeelt, déi Popeierlawin u Reklammen geet monter weider! Wat soll ech dann nëmme man, fir de Müll vu Reklammen a menger Bréifboîte endlech lasszeginn? 

Och déi Publicitéit vun der Kreeslafwirtschaft brauch ech net, well dat do ass keng gutt Reklamm fir Ressourcen anzespueren, andeems de Popeier sou notzlos verschwent gëtt. Entweder si lauter Analphabeten bei deenen Ausdréier, déi domat lassgeschéckt ginn, oder et ass einfach schlechte Wëllen, vläit souguer Instruktioun vun hire Cheffen, fir déi Reklammen awer an d’Bréifboîten ze geheien! 

Wat och ëmmer. Mais domat gëtt meng Bréifboîte awer weider vermüllt mat Publicitéit, mat där ech mäi Popeiercontainer dann all Kéiers direkt fidderen! 

Soll ech dann elo nach zu gudder Lescht eng „Plainte“ bei der Police musse man, vläit och nach en Affekot engagéieren, fir déi net gewéinschte Reklammen lasszeginn? 

max.l
7. Februar 2024 - 8.49

salut, bei mir ass ët just de Contraire..
ëch hät gäre Reklamen hun och den Tikker drop, awer meng Boîte bläiwt déi ganz Woch iwwer bal eidel..
ëch brauch déi Reklamen awer, well ëch mëch dann zë oriëntéieren weess, wou a wat ëch an der Reklamm ka kaafen..

just vum OGBL fiir d'Waalen war an der Boîte, do riwwer war ëch awer besonnëg frou..