LeserforumIwwert de Wäert vum Här Gloden senge juristeschen Argumenter

Leserforum / Iwwert de Wäert vum Här Gloden senge juristeschen Argumenter
 Foto: Editpress/Alain Rischard

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Villäicht kënne sech der nach dorun erënneren, datt den Här Gloden d’Reform vun der Verfaassung blockéiert hat, well hien onbedéngt op d’Weisungsrecht vun der Regierung un de Parquet bestanen huet. Sou ass et dann och komm an den Artikel 104 (2) ass bäigeflecht ginn. Am Ausübe vun individuelle Recherchen a Poursuiten ass en (de Parquet) onofhängeg, der Regierung hiert Recht, strofpolitesch Direktiven ze ginn, bleift dobäi intakt. Nach gëtt den Här Gloden nëmmen der Police Direktiven, mee et wäert net laang daueren, da kritt den Här Oswald gesot, wat en ze maachen huet, fir d’Heescheverbuet duerchzesetzen. Wat a Polen den Här Kaczynski fäerdegbréngt, soll den Här Gloden och fäerdegbréngen. D’Madamm Margue seet an der Chamber, si wëll net legiferéieren, fir de Mëssel vum Artikel 563 Punkt 6 am Code pénal ze behiewen. Den Här Gloden huet der Madamm Tanson vrun enger Woch an der Chamber reprochéiert, heen hätt si x-mol drop higewisen, dat ze änneren, well de Risk vu verschiddenen Interpretatioune bestéing. D’Madamm Margue weess, firwat si näischt ännere wëll. Da missten all Deputéiert Faarf bekennen. Den Här Oswald, Procureur d’Etat in spe, huet deenen zwee Verfechter vum Heescheverbuet a Juristen eng gratis Lektioun ginn, wat „Nulla poena sine lege certa“ heescht.

D’DP/CSV-Majoritéit vum Gemengerot huet am Artikel iwwer d’Verbuet vun der mendicité simple zäitlech a räimlech Exceptioune virgesinn. Si huet awer dat Recht net. Den Här Gloden seet am LW, den Artikel 42 wär eigentlech am Police-Reglement iwwerflësseg, well et jo am Code pénal géif stoen. Här Gloden, dir wësst, datt dat net stëmmt. D’Gesetz gesäit keng Exceptioune vir, duerfir awer den Artikel 42 vum Police-Reglement. Dat ass illegal. Et kann een jo och net soen, Klauen ass verbueden, ausser a) um Kierchbierg an um Belair a b) ausser tëschent 22 a 7 Auer. Déi administrativ Jurisprudenz ass eendeiteg: „Considérant que dans la mesure où d’après l’article 29 alinéa second LC des règlements communaux ne peuvent être contraires ni aux lois ni aux règlements d’administration, l’autorité communale investie du pouvoir réglementaire ne saurait réglementer des faits constitutifs d’une infraction pénale, sous peine de se placer hors la loi.“ De Stater Gemengerot an den Här Gloden woussten natierlech, firwat se dës Exceptioune virgesinn huet. Am Fall Lacatus vs Schwäiz schreift de Lëtzebuerger Riichter a sengem Avis: „En partie concordant en partie dissident l’interdiction pure et simple de ces activités apparaîtrait comme inimaginable, la réglementation de ces activités demeurant bien entendu possible, voire nécessaire.“

Mat Recht huet den Här Oswald och drop higewisen, datt een Décret royal vu 1789 kaum eng Basis ass, fir een Heescheverbuet per kommunalem Reglement ze reglementéieren. Eis Verfassung an de Circulaire 2023-058 vum Inneministère si kloer wéi Bullettszopp: Den Artikel 124 Alinéa 2 seet: An de Beräicher, déi duerch d’Verfaassung dem Gesetz virbehal sinn, kënne Gemengereglementer nëmmen op Basis vun enger bestëmmter Gesetzer-Bestëmmung ugeholl ginn, déi Ziler vun dësen Ausféierungsmoossnamen an eventuell Konditioune festleet, deene si ënnerleien. Dës Beräicher si fir Gemengen alles, wat ëffentlech Fräiheeten a fundamental Rechter betrëfft, an dorënner natierlech ee Police-Reglement vun enger Gemeng. Den Här Gloden huet den Artikel 42 am Dezember 2023 approuvéiert. Heen hätt dobäi misste préiwen, ob déi nei Verfassung, déi den 1. Juli 2023 a Kraaft getrueden ass, respektéiert gouf. Och hei ass d’Jurisprudenz kloer: „Il est de principe que les dispositions légales nouvelles relatives à la compétence d’une autorité tutélaire et à la procédure à respecter par elle pour la prise de sa propre décision sont immédiatement applicables à partir du moment de leur entrée en vigueur, sauf l’hypothèse de dispositions transitoires prévues.“

Als Reaktioun op d’Urteel vun der Cour européenne des droits de l’homme (Lacatus vs Schwäiz) ass iwwregens d’Loi pénale (!!!) vu Genf geännert ginn a gesäit elo räimlech Exceptioune vir.

liah1elin2
28. Januar 2024 - 14.37

@benschul Aus Ihren Kommentaren über all die Wochen ist zu ersehen, dass Sie sich aktiv der Problematik annehmen, meinen Respekt dafür. Bei mir und meiner Familie sind diese armen Menschen seit Jahrzehnten willkommen. Es ist kein Kunststück zu helfen wenn man dazu willens ist. Und wenn Sie Kommentare zerpflücken, gut so? Und wenn der Herr Innenminister Kritik schlecht verträgt, es gibt einen Ausweg für ihn?

Leila
27. Januar 2024 - 15.50

Bettler sind weder Heilige noch Helden, aber Sie, benschul, sind ein Fanatiker, der allen, die nicht Ihren edlen Vorstellungen entsprechen (unerwünschte) Leviten lesen will, allen voran L. Gloden, den Sie als "Täter" betiteln was schon an Verunglimpfung grenzt! Vor dem "eiskalten Fraulein" graut es Ihnen usw. Mäßigen Sie sich in Ihrer Wortwahl und tun Sie anderweitig reelles Gutes für Ihre Schützlinge, sie werden es Ihnen sicherlich danken!

benschul
27. Januar 2024 - 12.04

En Advikott. Hut Där näischt besseres ze dinn ewéi den Täter ze verteidegen op Käschten vun den Affer? Den Här Gloden huet et an der Hand. Elo en Rëckzéier ze machen, géing em méi Respekt entgéint bréngen ewéi stur a kannerech un senger Léier festzehalen.

benschul
26. Januar 2024 - 20.40

Gëtt et da wierklech kéng aner Mënschen ewéi d'Héscherten fir drop ze schloen als Minister an un hinnen seng Kräften ze beweisen? Esouguer wann Héschen illegal wär, da sollt eis Regierung higoen an et legaliséieren. Besser nach wär, eng Kéier méi déif an de Scholdesäckelchen ze gräifen an Strukturen ze schafen, wou déi Léit sech och dran wuelfanne kënnen. Net op jidderen, dén lang auserhalb vun eiser Gesellschaft geliewt huet, passt all Mossnahm. Och dat musse mer respektéieren an eis d'Fro stellen, wuerfir déi Léit iwwerhapt duerch de Kuew gefall sinn.

en Advikott
23. Januar 2024 - 20.01

Gët ët soss kee, wéi den Här Gloden, fir dropzeschloen? Ët ass sou einfach a bëlleg ee färdeg ze maachen. Wéivill Politiker an aner héich gestalten oder sougenannte Perséinlechkeeten hale sech nët un d'Gesetzer an un d'Artikele resp. Paragraphen?