LeserforumIRM Potaschbierg an déi aarm Madamm Lenert

Leserforum / IRM Potaschbierg an déi aarm Madamm Lenert
 Symbolfoto: Editpress/Julien Garroy

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wéi beim Ongeheier Nessie geet et ëmmer erëm rieds vum ominéisen IRM vum Potaschbierg.

Verschidden CSV-Politiker (Gloden, Wiseler a Co.) an eng Journalistin vum LW, déi och Pressespriecher fir den AMMD kënnt sinn, maachen d’Madamm Ministesch Lenert fir de Retard bei der „Mise en oeuvre“ responsabel.

D’Madamm Lenert ass fir dës Madamm och fir alles anescht, wat schiiflafe soll an der Santé, responsabel, et feelt just nach, datt si och bei Feeldiagnose schold ass. Villäicht hat d’Madamm Lenert ausser dem Probleem vum  juristeschen Encadrement gutt Ursaachen, fir ofzewaarden. 

Op eng „Question parlementaire“ (No 6589) äntwert se op Froen, ob et stëmmt, datt den IRM um Potaschbierg eng Occasioun ass, déi virdun engem Lëtzebuerger Spidol gehéiert huet, dat heiten: „De Gesondheetsministère huet keng Informatiounen, dass dëst de Fall ass. Effektiv ass den IRM awer aus zweeter Hand.“

Elo gouf et eng nei „Question parlementaire“ vun de Piraten. „Mir ass zougedroe ginn, dass d’Qualitéit vun de Biller vum genannten IRM awer qualitativ deels mannerwäerteg solle sinn, soudass Spideeler selwer nach eng Kéier en IRM géife maache loossen, fir qualitativ méi däitlech Biller ze kréien. An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen: 1. Entspriechen dës Gerüchter der Wourecht a sinn d’Biller vum IRM-Apparat um Potaschbierg qualitativ ze mannerwäerteg, fir eng richteg oder sécher Diagnos ze stellen? 2. Falls d’Äntwert op d’Fro 1 ‚jo’ ass, ass déi qualitativ mannerwäerteg Bildqualitéit dorop zréckzeféieren, dass den IRM-Apparat technesch net méi um neiste Stand ass?“

Et kann een op der Madamm Lenert hir Äntwert gespaant sinn. Firwat géif een en IRM ofginn, wann en nach ëmmer „state of the art“ ass? Ech stelle just fest, datt d’Demande, fir en IRM z’installéieren, op 2017 zréckgeet an datt d’Verfassungsgeriicht a sengem Urdeel vun 2019 en Artikel vum Gesetz vun 1983 als net conforme mat der Verfassung deklaréiert huet. De Feeler (?) au départ louch also an der Responsabilitéit vun engem DP-Minister, just well deen iwwert een RDG, une liste des équipements et appareils qui ne peuvent être acquis par les médecins, wollt festhalen, an net am Gesetz selwer, net méi an net manner.

Ech sinn net Juriste, mee den Tribunal administratif huet sech iwwer de Prinzip selwer vun der Interdictioun net prononcéiert.

Ech hu viru kuerzem schnell e Rendez-vous fir een IRM (ouni Urgence) an der Ettelbrécker Klinik kritt. D’Personal war sympathesch a kompetent an den IRM wor esou eppes vun state of the art, datt ech entschlof wor.

Madamm Lenert, dir kennt sécher dat däitscht Spréchwuert: Viel Feind, viel Ehr. Loosst Iech dofir net découragéiere vun net qualifizéierte Kritiken, déi just Fraen an net de Ball spillen. 

Karel
7. November 2022 - 8.50

Do schéngt och Korruptioun an deem Sektor Gesondheet am Spill ze sinn, keen deet deem aaneren wéih.

Grober J-P.
6. November 2022 - 9.52

"ass den IRM awer aus zweeter Hand.“ Wann dat esou ass, wien gët do ver......? Macht roueg weider esou.

Jean Lichtfous
5. November 2022 - 17.24

Top Lieserbréif, Här Schmit Dir hutt vollkomme recht.