LeserforumBéis Lampertsbierger

Leserforum / Béis Lampertsbierger

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Ech war net schlecht erstaunt, wéi ech gesot krut, ech wier responsabel, dass et mam Tram, besonnesch a Richtung Stroossen, net richteg weidergeet, well ech als Lampertsbierger mam Auto muss kënnen duerch d’Neipuertsgaass fueren. De mini Ëmwee duerch d’Marie-Thèrèse ass fir e Lampertsbierger anscheinend onzoumuttbar. Dass elo d’Lampertsbierger (an déi vum Kierchbierg), ouni dass se gefrot goufen, mussen hierhalen als Sënnebéck fir d’Tram-Kakophonie tëschent Gemeng a Stat ass aarmséileg. Et ass leider gewosst, dass d’Gemeng Lëtzebuerg sech extrem schwéierdeet fir den Autofetischisten op d’Féiss ze trëppelen an den ëffentlechen Transport ze privilegiéieren. D’Argumenter ginn awer ëmmer méi lächerlech. Emol éierlech: Wie vum Lampertsbierg an d’Stad muss, kann dat ouni Problem, je nodeem wéi wäit en uewe wunnt, ze Fouss, mam Vëlo,mam Bus oder/a mam Tram maachen. An dat wat en iere misst transportéieren no engem Shoppingtour an der Stad, packt e sécher ouni Auto. Et gi jo och noutfalls Akafsweenercher. Wann een dann ieren awer onbedéngt vum Lampertsbierg mam Auto an d’Stad muss, sinn déi zwee mannst beluechte Parkingen an der Uewerstad (Hamilius a Monterey) souwisou am beschten net iwwer d’Neipuertsgaass, mee iwwer d’Stäreplaz an d’Marie-Thérèse ze erreechen. A fir de Knuedler an den Hellege-Geescht-Parking ass et och just e kuerzen Ëmwee. Wär et net besser, di ganz Problematik vun den Tram-Tracéen der Ëffentlechkeet faktuell ze presentéieren, amplaz d’Leit, a besonnesch déi vum Lampertsbierg a vum Kierchbierg, fir domm ze verkafen!