LeserforumAutonom fueren?

Leserforum / Autonom fueren?
 Foto: dpa/Marcus Brandt

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Anscheinend wëll Lëtzebuerg jo bei fuererlosen Autoen, Busser an Zich mat un der Weltspëtzt sinn. Wann dat klappe géif, kéint dat jo eventuell eng gutt Saach sinn, ass awer bestëmmt nach net fir haut a muer. 

D’Fro, déi ech mer stellen, ass awer, wéi dës Gefierer vun deene Leit, déi en Handicap hunn an déi eng Hëllef brauchen, genotzt kéinte ginn. Handicapéiert si ronn 15 Prozent vun eiser Populatioun, sief et, dass se am Rollstull sëtzen, schlecht gesinn oder héieren resp. en anere Probleem hunn. 

Wann een haut schonn all Dag erliewe muss, mat wat fir enge Probleemer een dagdeeglech ze kämpfen huet, mat Zich, Busser an iwwerall do, wou een net erakënnt, dann hunn ech meng Zweifelen. 

Ech huele gäre jidderee mol eng Kéier en Dag mat, da gesäit e sëlwer, wéi schwéier et munchmol ass.