Leserforum„App“ amplaz „Token“: Brave new world!

Leserforum / „App“ amplaz „Token“: Brave new world!

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Obschonn praktesch jiddereen ee Bank-„Compte courant“ am Alldeegleche brauch, jo souguer per Gesetz een zegutt huet, ass et erstaunlech, dass weder ACAT-Bankkritiker, d’ULC oder den CET sech zu Wuert mellen, elo, wou de „Luxtrust Token“ soll vum Client duerch eng „App“ op sengem Handy ersat ginn. Wat soen d’Gewerkschaften, d’Parteien, datt een elo muss e quasi fuschneien Handy hunn oder kafen (iOS 12 oder Android 6), dee ka verluer goen oder geklaut ginn, fir seng alldeeglech Bankgeschäfter ze maachen? Wee kontrolléiert d’Agéiere vum Monopolist Luxtrust?

Nodeems ee sech virun enger Zäit sollt e PC kafen a mat vill Paperasse sech een Token oder en aneren Zougangsschlëssel vu Luxtrust zurechtgeluecht huet, fir seng Bankoperatiounen doheem ze maachen, well een net méi sollt an d’Agence kommen, well d’Bank déi wollt zoumaachen, soll een dann elo de PC an den Token an den Eck stellen a mam Handy der Bank hir Servicer iwwerhuelen? 

Alles easy a mega modern, an da wäert d’Bank sech geschwënn alt erëm eng Verschlëmmbesserung afale loossen, wou de Client nach méi selwer muss maachen, zu ëmmer méi héije Käschte pro Operatioun, si nach méi Personal kann ofschafen a nach méi Benefice wäert schäffelen. Majo dann!

Jhos
12. Januar 2024 - 10.46

@max.l/ Liest wat den Tim a sengem Kommentar geschriwen guet. Dee Produit ersetzt 100% den Token.

max.l
11. Januar 2024 - 16.42

nee, ëch hun do och domat ee Problem, ëch hun just ee klengen Handy, well do wou ëch wunnen fonktionnéiert de Reseau nët immens gud, éichter mol nach just dobaussen, a jee wéi d'Loft könnt, da kriss de de Reseau vum Nopech-Land, a viir dë recht, misst dë dann op der Strooss deng Bankgeschäfter maachen.. dat ass dach ee doubelen Hoon.. an dofiir gin ëch mër keen däieren Smartphone kaafen, wou ëch nët ka gebrauchen.. Luxtrust, mam Token ass super, an ëch wënsche mër dat do fiir mol no geduercht gët, a vläit den Token nach um liëwe lossen, fiir Déi, déi ët wëllen oder misste wëllen..

Romain C.
11. Januar 2024 - 8.23

Den PC ass net mobil genuch, dofir soll een d Bankgeschäfter iwer Smartphone machen, och wann een enerwee as! OP daat esou secher as glewen ech net.

DanV
10. Januar 2024 - 15.44

Glécklecherweis brauch ee just den Token "an den Eck ze stellen". Iwwer de Browser um PC kann ee seng Bankgeschäfter nach ëmmer um grouse Schierm maachen. Soss wär et tatsächlech net méi akzeptabel.

Tim
10. Januar 2024 - 15.12

Nee, dir braucht kee fuschneien Handy ze kafen. Bei Luxtrust gët et e Produit (120 Euros) dat alles a nach méi kann wéi den Token.