Mo., 21. Juni 2021



  1. Grober J-P. /

    Ech brengen ët färdeg beim Bäcker den Croissant op franzéisch ze bestellen, esouguer beim Italiener d’Pizza oder beim Portugies d’Schwéngchen. Leider war ech derlescht nët gudd drop am Spidol, do hun ech och merde alors missen soen well keng Sau méch verstan huet ech awer nët déi richteg Wierder fir den Bobo fonnt hun. Meng Mam huet immens Problemer am Altersheim sech ze verstännegen.

  2. Guyt /

    Hudd Dir a Problem mam « Erstarken der lux. Sprache »? Wann mer a Indianerstamm wären am Amazonas, dann géifen mer dat natierlech positiv bewärten. Déi lächerlech Angst virun allem wat national oder patriotesch kéint verstanen gin ass ustrengend well déi rieseg Majoritéit vun de Letzebuerger , genau wéi Dir et sot, hir Identitéit meéi komplex an der Meschung gesät zweschen verschiddene europ. Kulturen. Ma lost es Dach eisen klengen Eck.

  3. En einfache Lieser /

    D’Lëtzebuerger Sprooch ass definitiv net um Ausstierwen an d’Thema muss bei Wäitem net su dramatesch behandelt ginn. Par conter (oder däerf/kann ech och soen „Am Géigesaz dozou“) schuedt et kengem trotzdem mol mat de Parteien oder Vertrieder vu Géigeniwwer ze schwätzen, egal wi lächerlech een deenen hier Bedenke fënnt.

    Deen heiten Artikel weist erëm genau, wisou dat Thema no sou ville Joeren nach ëmmer net vum Dësch ass. Well keen op deen aaner ageet; scheinbar besteet eng „Diskussioun“ an „Dialog“ hautdesdaags nëmme nach aus bëlleg Mutualitéit an Diffaméiere vun Aanescht-Denkenden, anstatt einfa mol ze diskuteieren.

    Mee bon, et kann ee natierlech och genau su réckstänneg bleiwen an een deen aner entweder „Populist“ oder „Nationalist“ vernennen (wisou och ëmmer de leschte Begrëff esou uerg negativ opgeholl MUSS ginn, verstinn ech o nëmme bedéngt)…dann huet een zwar nix zur Debatt bäigedroen, mee haptsaach et konnt ee sech selwer rëm als „toleranten Elitären“ profiléieren.

  4. tarzan /

    luxemburg ist das einzige land in europa… nein, weltweit, wo man den rrrrechts-stempel abbekommt wenn man für die lux sprache eintritt. merde alors, how funny, egal wat, im ernst.

  5. Grober J-P. /

    National ass e Wuert wat geféierlech kann gin. Hun e portugiesischen an een italienischen Frënn. Déi zwee kënnen besser lëtzebuergesch schreiwen wéi muench een an dësen Zeitungsforen.

    • En einfache Lieser /

      @Grober
      net dass ech mech elo doduerch géiff ugesprach fillen, mee Äre Bezug op d’Grammatik an Orthografie verstinn ech elo net ganz. Et klengt bei Äerch, wi wann esou Leit wi Är Kolleege net erwënscht wieren oder trotz esou virbildlecher Integratioun als mannerwärteg géiffen ugesi ginn vun deenen, di net su „gudd schreiwen“.

      An inwéifern kann de Begrëff „national“ geféierlech ginn? Muss ech elo och bei all WM/EM niewend engem lëtzebuergeschen Fändel och bei engem portugieseschen, italieneschen oder soss welchem Fändel Angscht kréien ëm meng Sécherheet?

      • Grober J-P. /

        Wann een zevill op d’Natioun pocht, kann ët emol sin dat een vergësst dat ët och nach aner „Natiounen“ gin. Den Wee bis dohin ass nët wäit. Dat war schon emol esou virun ca. 85 Joer, ein Volk, eine Nation! Ech wëll dat nët matmachen, wat een Deel vun der Famill an Bekannten deemols matgemach hun. Duerfir gesoot, dat national geféierlech KANN gin.
        An vun Fändelen haalen ech guer näischt, ausser en ass blo mat villen Stären drop.

        • En einfache Lieser /

          Stëmmen Ierch an alle Punkten zou. Am Endeffekt beschreiwt Dier hei awer schon eng „ausgeartet“ Form vu Nationalstolz, dat nemmi alleng vu sech aus esou entsteet. A genau dorop muss och um Beispill vun de grujjelchen Evènementer vu virun 85 Joer ëmmer erëm opmierksam gemaach ginn: do huet e ganz komplexe Mechanismus dohannert gestanen dee bspw. och duerch Armut, staatlech Restriktiounen a mangelnd Diplomatie am soziale Beräich gefördert gouff. De Nationalismus woar do nëmme nach Mëttel zum Zweck fir de frustréierte Bierger.

          A wann een elo hauddesdaags onzefriddene Bierger net nolauschtert, se bei blouße Wierder schonn an en „brongen“ Tirang geheit an hier „déifsëtzend“ Gefiller ignoréiert, dann fillen déi sech net eescht geholl…an DANN gi se bei een, deen op se ageet. De Rescht kënnt Dier Ierch da wuehl selwer ausmolen.

          Fir et an enger Metapher kuerz ze faassen:
          Och wa mäi Groußpapp sech duerch zevill Schockola all seng Zänn futti gemaach huet, muss ech dofir mengem Bouff elo net bei all klengem Gram Zocker vu lauter Angscht hannendru lafen an him de Konsum verbidden. Opklärung an e gesonden Ausgläich aus Vertrauen a Kontroll sinn alles wat een do ka maachen.

  6. Jacques Zeyen /

    Da loosst eis mol en einfache Saz analyséieren.Iergend eppes.

    “ Mir streiden wéinst eiser Sprooch sinn awer stolz drop aner Sproochen ze beherrschen“

    „Wir streiten wegen unserer Sprache sind aber stolz darauf andere Sprachen zu beherrschen.“

    Wat fält eis do op??? Dat kann een mat all Saz maachen. 80% Däitsch de Rescht Français.
    Allerdéngs huet Däitsch an Franséisch e Wuert fir „Liebe“- „amour“. Mir net.
    Also.

    • En einfache Lieser /

      @Jacques Zeyen
      also…sollt elo di héchste Prioritéit op dat Däitscht geluet ginn, wengt den domineierenden 80%? Dat geiff tatsächlech Sënn a virun allem d’Saach mi einfach maachen.

      Et geet dach awer u sech och schonn duer wann allen 3 Sprooche gläich vill berücksichtegt géiffe ginn, oder?

      P.S.: dach, mär hunn dach dat Wuert „Léiwt“, nee? 🙂 Oder ass dat och zevill Dialekt bzw. zevill aus de Nopesch-Sproochen derivéiert?

    • Marco Brachmond /

      Et gëtt och e letzebuergescht Wuert fir „stolz“ an dat schreiwt sech „houffereg“

    • Marianne Kieffer /

      Mir hun e Wuert: Léift! Awer mir kënnen net soen: „Ech léiwen déch.“ Dat hu mir mat de Baueren aus den Alpen gemeinsam, do gët et och Ausfluchten wéi: „Ich brauch dich.“ Ëmmerhin kënne mir soen: „Ech hun déch gär“ an „Ech si frou mat dir.“ Dat as dach nach méi schéin wéi bei de Jodler!

  7. Jacques Zeyen /

    Rect:
    natierlech fir d’Verb “ lieben „-„aimer“.
    pardon-Entschuldigung

  8. Scholer /

    Beim Wuert Nationalismus huet dat haut den faden Baigeschmaach vun Faschismus, brongen “ Gedankengut“. Obwuel déi aner Sait, den Internationalismus, den sech sozialistesch Läenner, Parteien op den Fuendel geschriwwen haten, net besser do steet.Ass den Wee an der Geschicht mat gerad esou villen Doudegen, Gefolterten, Angespaarten geséimt gin.Op KZ oder Gulag , wuel datselwecht, wat vill Lénker wuel haut vergiessen.Häetten mir net besser vun Idenditéit ,wat ons Sprooch ugeet, ze schwäetzen?Mir ass et egal , ob main Géigeniwwer aus dem Sudan oder Kongo ass, awer fir et op gudd Letzebuergesch ze soen:“Ech schwäetzen gäeren wéi mir d’Schness gewues ass.“

  9. Krier /

    great article, Jeff….the formulation „ very imperfect“ seems a bit of a pleonasm and overdone…..no false modesty……

Kommentieren Sie den Artikel