Mi., 7. Juni 2023



  1. Marcel /

    Eng ganz schlem Geschicht. Et deed mir éierlech Leed fir den Polizist.
    An trotzdem, et ass net an der Rei datt den Chauffeur esou laang an Untersuchungshaft sutz.

  2. Serenissima en Escher Jong /

    Du Point de vue juridique war et absolut verrannt de Chauffeur anzespären an dann och nach ze versichen him en Homicide fir ze werfen…mir sinn e Rechtsstaat a keng Lynchjustiz oder ass dat esou am Norden vun eisem Land?. Et ass e schrecklechen Accident geschitt am Kontext: e Mënsch ass gestuerwen an nach en aneren deen a  Liewensgefor schwieft; mäi factum est es sinn 2 Policeautoen an eneen geknuppt….den Automobilist den si gesicht hunn war laang schonns doheem …Quid? An do huet d’Police och nach en aneren Automobilist festgeholl deen just en ähnlechen Auto hat a versicht den als Schëllegen duer ze stellen….dat sinn Zoustänn wéi am Wilden Westen…Rambo Methoden!

  3. Robert Polfer /

    All chauffeur den den Flicken bei Kontrollen durchbrennt soll 5 Joer den Führerschein kasseiert kreien an 6 Monatsgehäter bestroft ginn . Justiz ennerstetzt Policebeamten net genuch .
    Aneteseits : Polizisten mussen besser ausgebild ginn . Et kann dach net sinn dass jonk Beamten mat engem Liewerauto Verfolgungsrennen machen . Hei ass Policedirektioun verantwortlech , – den Direkter muss demissionneieren .
    Mat dem Virfall zu Bounneweg huet dat jo och net geklappt – mir sinn net an den USA wou Polizisten ganz schlecht an falsch ausgebild sinn .
    Ons letzebuerger Polizisten mussen mat top Ausbildung an Begleedung vun erfahren Beamten ennerstetzt ginn .

  4. Nina Montenescu /

    Och e Polizist as e Mensch a mecht Fehler.
    Et gi kéng Superhelden an di jonk Poliziste solle sech net zu Aktiounen am Alleingang verleede loossen.
    Daat geschitt awer vill méi oft ewéi ee ménge kéint.
    Innerhalb knapp 1 Woch sin esou deplacéiert Aktiounen des Kéier (an daat och net fir d’éicht) direkt 2 mol mat fatale Konsequenzen ausgaang.
    D‘Policereform schéint wuel leider éichter nohalteg negativ Frichten ze droen?

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos