Mo., 11. Dezember 2023




  1. Guy /

    sin mol gespannt,wenn sech dann alles fraiwelleg testen leist,
    hanerum Enn wärden se op hiren Tester setzen bleiwen.

  2. Tonia /

    Ech denke net mech weder einfach esou mol testen ze loosse, nach eng App z’installéieren. A sollt et emol eng Impfung ginn, da wäert ech déi och vläicht dankend ofleenen, och wann déi Impfung sollt zwangsweis geschéien oder ee nëmme nach e Pass kann ufroen oder reese ka wann ee geimpft ass. Ech komme mir bei déi ganzer Saach hei zimmlech vera… vir. Ech hu nach ze vill déi Saach mat der Schwéngsgripp, Impfungen an Tamiflu am Kapp. An, w.e.g., dir Medien, dir Politiker, halt dach endlech op ëmmer vu „Coronadoudeger“ ze schwätzen. Et gëtt onnëtz Angscht gemaach (mat déier alldeeglecher topeger Statistik, déi awer glat a guernäischt ausseet), a wann ee mol genee kuckt, wien déi Leit da sinn, déi stierwen, da gesäit ee schnell wat lass ass. Natierlech ass all Doudegen onglécklech an ëmmer een ze vill. Mä et si net Leit déi UM Covid, mä meeschtens méi eeler Leit déi Virerkrankungen hunn, a MAM Covid stierwen. Also, si mir da mol realistesch. E Riesegedäisch an eng Panik zugläich. En enorme wirtschaftleche Schued gëtt verursaacht. Leit gi net bei den Dokter an iwwerginn en Häerzinfarkt, oder en Hiereschlag, eng Bauchentzündung, asw. Leit kréien hir Existenz zerstéiert, ginn an de Ruin gedriwwen, Leit gi psychesch krank, a beginn eventuell Suizid. Sot mir mol w.e.g., ob een déi herno och zu Covid-Affer ziele kann, déi Doudeger, wou mir och nach keng Donkelziffer kennen, an déi herno an der Wirtschaftskris ze bekloe sinn? An, wéi ass et herno vläicht mat all den Impfgeschiedegten? Mech géif awer trotzdeem mol en Immuntest interesséieren. Da wéisst ech zumindest wou ech dru wier a bréischt „net méi matzemaache“ bei der kollektiver a krankhafter Paranoia! Well dat ass et, eng rieseg Zwangsneuros, déi de Moment all Dag mat de Leit hiren Ängschte gefiddert gëtt.

  3. mike /

    Jedes Jahr sterben +- 1250 Leute an Krebs ,davon +-250 an Lungenkrebs, der (virus) ist gut bekannt …der Tabak..und was macht unsere Regierung dagegen nix und demnächst erlaubt der Staat Haschich ,der natürlich meistenfalls geraucht wird.Also keine Panik es gibt schlimmere Krankheiten als Corona.Es wäre auch besser das Geld für die Tests in die Forschung für einen Impfstoff zu geben.

  4. Tossen /

    @Tonia

    „Ech denke net mech weder einfach esou mol testen ze loosse, nach eng App z’installéieren. A sollt et emol eng Impfung ginn, da wäert ech déi och vläicht dankend ofleenen, och wann déi Impfung sollt zwangsweis geschéien ..“

    Ech mengen Dir wësst net wat ‚zwangsweis‘ heescht, dat Wuert gëtt benotzt wann een net KANN ofleenen.
    Da kommt der eben an e Lager.

  5. Tonia /

    @Tossen Awer soss fält Iech näischt méi Konstruktives an? Dann hunn ech do wuel e Wuet schlecht gewielt…

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos