LeserforumLëtzebuerger, léiert Lëtzebuergesch

Leserforum / Lëtzebuerger, léiert Lëtzebuergesch
 Foto: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Dësen Titel ass wuel e bësse räissereg, mee wuel gewielt. Nodeem en Är Opmierksamkeet erreegt huet, liest e gär weider.

„Eis Sprooch ass amgaang, auszestierwen“, „Geschwë schwätze mir hei kee Lëtzebuergesch méi“, „Eis Sprooch verkënnt ëmmer méi“. Dat héiert een dacks aus gewësse politesche Kreesser, dat liest een dacks a sozialen Netzwierker als Bäitrag an an de Kommentarer, dat kritt een an Diskussioune mat der Famill, Frënn oder Bekannten ze héieren. Dobäi ass grad de Contraire de Fall.

Als Enseignant fir Lëtzebuergesch gesinn ech dagdeeglech, dass et immens vill Leit an eiser Gesellschaft gëtt, déi dorun interesséiert sinn, Lëtzebuergesch ze léieren. Déi eng packen dat méi séier, déi aner brauche méi Zäit, mee den Effort ass ze gesinn. Dat gesäit een un den Aschreiwungen an de verschiddenen Institutiounen an Entitéiten (Coursen am INL, Owescoursë vun de Gemengen, privat Sproocheschoulen). An dat si souwuel Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, wéi och déi, déi all Dag iwwer d’Grenzen an d’Groussherzogtum schaffe kommen. Natierlech ass et méiglech, dass een en Noper oder en Aarbechtskolleeg huet, dee schonn eng gewëss Zäit zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft, an awer just d’Standardwierder versteet a schwätzt. Mee bei iwwer 47 Prozent Auslännerundeel an der Populatioun an engem Auslännerundeel vun iwwer 70 Prozent bei der schaffender Bevëlkerung bleift dat net aus.

Fir dass déi auslännesch Communautéit awer Lëtzebuergesch léiert, ass et néideg, dass sech och d’Lëtzebuerger selwer mat hirer Sprooch auserneesetzen. Dir hutt et vläicht scho selwer erlieft, dass Dir e Message krut, deen dir zwee oder dräi Mol hutt musse liesen, well Dir en net direkt verstanen hutt, oder Dir hutt eng Äntwert geschriwwen, déi déi aner Persoun dann nees net verstanen huet, well se net am richtege Kontext war.

Net just deen Eenzelen, mee och déi ëffentlech Acteure si concernéiert, virun allem déijéineg, déi dagdeeglech oder partiell op Lëtzebuergesch kommunizéieren – awer an enger anerer Hisiicht. D’Schwätze fält dëse Leit liicht, well et hiren Job ass, mee si misste sech mol mat de richtege lëtzebuergesche Wierder an Adjektivdeklinatiounen auserneesetzen – virun allem bei weibleche Wierder. Zum Beispill ass et net „déi éischte Kéier“, mee „déi éischt Kéier“, oder net „déi beschte Méiglechkeet“, mee „déi bescht Méiglechkeet“.

Virun allem d’Medie spillen als ëffentlech Acteuren hei eng wichteg Roll, well si indirekt d’Sprooch falsch vermëttelen. Lëtzebuergesch-Enseignantë kréien am Cours méi wéi eng Kéier d’Fro gestallt, ob dat déi richteg Adjektivdeklinatioun wier, déi de Moderator benotzt huet. Den Enseignant muss dann zouginn, dass déi Persoun an deem Fall e Feeler gemaach huet a seet meeschtens als Explikatioun, dass d’Lëtzebuerger hir eege Sprooch selwer net richteg kënnen, well si se ni an der Schoul behandelt hunn.

Dobäi gëtt et genuch Méiglechkeeten, d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren. Applikatioune wéi LOD.lu, LLO.lu oder Internetsitte wéi Spellchecker.lu, verben.lu oder den Ortho-Trainer vum ZLS (Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch) bidde genuch Moyenen, sech mat der Landessprooch ze befaassen. Dozou zielen och den ZLO-Cours vum INL oder d’Ortho-Owenter vum ZLS. Donieft bidde selbststänneg Enseignanten a privat Sproocheschoulen och Coursen un, fir d’Lëtzebuerger Sprooch an Orthografie an der Bevëlkerung ze festegen.

Laang Zäit war d’Lëtzebuergescht an der Schoul d’Stéifkand a gouf ni wierklech geléiert – et huet als Puffer fir aner Fächer gedéngt. Dat huet sech zënter der Rentrée 2021/22 am Lycée geännert. D’Schüler hunn op der 4e méi Kontakt mam Lëtzebuergeschen, wat eng gutt an néideg Entwécklung ass, mee eng Stonn pro Woch a just wärend engem Joer geet net duer. Et brauch e kontinuéierleche Kontakt mam Schreiwen a Liesen, soss bréngt och d’Verréckele vum Lëtzebuergeschcours vu 7e op 4e näischt, well et ass definitiv net evident, Lëtzebuergesch ze léieren an ze schreiwen.

Et gëtt ganz vill Leit, déi sech awer fir dës Erausfuerderung motivéiert kréien, egal, ob Kanner oder Erwuessener. A wat Kanner kënnen, kënnen hir Elteren och. Also Lëtzebuerger, léiert Lëtzebuergesch. Wann d’Lëtzebuerger hir Sprooch net richteg kennen, wéi sollen et dann eis auslännesch Matbierger kënnen?

DanV
10. November 2023 - 14.06

@JJ

Portugiesisch: Donde estás?
Spanisch: Onde estàs?
Rumänisch: Unde esti?
Französisch: Où est-tu?

Tja, das ist doch alles das Gleiche. Wird nur ein wenig anders geschrieben, oder? Also alles eine Sprache?

JJ
9. November 2023 - 21.24

Es bleibt dabei. Analysieren sie eine xten Satz in luxemburgisch.
Was bleibt? 80% deutsch und etwas français
Unsere Sprache ist ein Mix aus Germanisch und Gallisch (ils sont fous ces romains)

liah1elin2
9. November 2023 - 17.44

@ DanV
Entschuldigung, da haben Sie vollkommen recht mit der Landessprache.
Danke für Ihre wertvollen Informationen.
Bei meinem Wissensstand muss ich leider bei "deutsch" bleiben, ich hoffe Sie können mir das nachsehen?

DanV
9. November 2023 - 15.34

@ liah1elin2

Sie sind im Irrtum. Luxemburgisch wurde 1984 offiziell zur Sprache. Schwizerdütsch wird im Gegensatz dazu noch immer zu den alemannischen Dialekten gezählt.

Oder wollen Sie damit sagen, dass Französisch, Italienisch, Spanisch, usw. auch nur romanische, oder sogar indogermanische Dialekte sind? Dann frage ich mich, wieso Sie deutsch und nicht indogermanisch schreiben.

Irgendwann wurden die aufgelisteten „Dialekte“ zu Sprachen erklärt. Beim Luxemburgischen war es eben später, was aber nicht heisst, dass es weniger real ist.

DanV
9. November 2023 - 13.51

Sprooch war joerhonnertelaang eng intuitiv an och fräiwëlleg Saach fir eis, well mer keng uerdentlech Rechtschreiwung haten. Dat Gefill vu Sprooche-Fräiheet wäert sech och nëmme ganz lues änneren. D’Rechtschreiwung muss dem entgéint kommen, well et freet ee sech soss, wisou ee soll Wierder gebrauchen, déi engem absurd virkommen.

Zum Beispill ass d'Reegel vun de Friemwierder gefillsméisseg nach net applikabel. Hei e puer Gedanken zu Clienten, Fraisen, Coursen, Abusen:

Clienten oder Clientë si fir mech weiblech Clients, mee den ZLS seet an 2019er Oplag vum Josy Braun sengem Buch „Eis Sprooch richteg schreiwen“, weiblech Clients si „Clienteën“.
En plus liest sech „Clienten“ wéi dat däitscht „Klienten“, wat d’Clients vun engem Affekot sinn.

Fraisen si fir mech falscht Lëtzebuergesch fir Äerdbier. Glécklecherweis gëtt et d’Wuert „Onkäschten“.

Coursen – do gesinn ech keng Solutioun, ausser carrement op „Formatiounen“ auszewäichen.

Abusen – ass fir ze laachen. En Abus ass eppes Seriöes, mee déi Schreifweis mécht de Géigendeel doraus.

Vläicht kéint een an de Fäll, wou et méiglech ass, den Apostroph erëm asetzen? Frai’en, Cour’en, Abu’en. Dat liest sech e bësse méi flësseg. Oder et gëtt eng aner Solutioun.

Et ass also nach net esou wäit, fir sech komplett op di offiziell Schreifweis ze baséieren. Mee ech hoffen, dass dat geschwë besser gëtt.

liah1elin2
9. November 2023 - 12.13

Die Sprachkreationen die ich in den Foren des Tageblatts jeweils antreffe sind schon abenteuerlich und zeitweise schwer zu verstehen. Bin ja mit Dialekten in Luxemburg und der Schweiz aufgewachsen, quasi vielsprachig?, würde jedoch nie einen Kommentar in einem Dialekt verfassen, es ist keine geschriebene Sprache. Und interessant, in Schweizer Zeitungen finden sich keine Dialektkommentare, was ich richtig finde.

Romain
9. November 2023 - 10.18

Leider braucht man keine Luxemburger Sprachkenntnisse um die Luxemburger Nationalitäten zu erhalten. Warum sollen die Ausländer sich bemühen diese Sprache zu erlernen?

JJ
9. November 2023 - 9.48

Mir Lëtzebuerger stinn op der rouder Lëscht vun den ausstierwenden Aarten.Dat gëllt och fir eis Sprooch déi eigentlech guer keng Sprooch ass,éischter e "Slang", en Dialekt. Dialekt deen sech je no Kanton,an dovun hu mir der 12, ännert. Dem Echternocher säi "Millermoler" ass dem Stater séi Päiperlek. Wien zu Cliärref mat engem echte Cliärrefer schwätzt versteet kee Wuert,änlech zu Wormer op der Musel etc. Wann een en einfache Saz analyséiert z.B.: " Wann d’Lëtzebuerger hir Sprooch net richteg kennen, wéi sollen et dann eis auslännesch Matbierger kënnen?" Matt e bësse Fantasie erkennt een do datt all Wuert eigentlech Däitsch ass. Kee Wonner datt all meng däitsch Frënn ganz gut versti wat ech soen. De Contraire ass Franséisch. A mir si jo stolz dass mir dräi a méi Sprooche schwätzen an och schreiwe kënnen.(Sollten)