Déi meescht vun deene geléintene Wierder am Lëtzebuergesche kommen aus de limitrophë Sproochen, also aus deenen, déi no um Grand-Duché leien. Sou munch sinn oder waren iwwerregional gräifbar, sou wéi d’Englescht oder d’Laténgescht. Verschidde Wierder kommen awer vu méi wäit hier. Sou wéi et scho beim Wuert Zocker erkläert gi war, mat senger indescher Originn,...