Den Tom Dockal an de Jacques Schiltz sti fir schlecht Wuertspiller, popkulturell Referenzen an eng frësch Approche zum Theater. Lescht Saison hu si sech fir vläicht déi éischte Kéier u méi bekannt Auteuren erugewot: Den Tom huet d’“Écume des jours“ vum Boris Vian (mat Erfolleg) adaptéiert, während de Jacques sengem natierlechen Hang fir Wuertspiller a...